D’Kanner, déi hei betreit ginn, si bis 4 Joer al. Zanter 12 Joer gëtt et dës Form vu Kannerbetreiung hei zu Lëtzebuerg. Nieft enger Beschcrèche ass dëst eng aner Form vu pedagogeschem Konzept. Duerch de Kontakt mat de Béischte gi ganz vill Sënner bei de Kanner gefërdert. Dëst ass am jonken Alter wichteg fir d’Entwécklung vum Kand. Ganz niewebäi léiert d’Kand och nach Confiance a sech selwer.