Stad DéifferdengKontrakt mat privater Sécherheetsfirma wäert net verlängert ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Entreprise war virun 2 Joer engagéiert ginn, fir am Park Gerlache am Zentrum vun der Stad opzepassen, wou d'Leit sech net sécher gefillt hunn.

Wéi d’Tageblatt de Mëttwoch de Moie schreift, géing dee Kontrakt elo um Enn vum Joer auslafen an elo emol net verlängert ginn. Dofir solle méi Polizisten op den Terrain kommen an de Park an d’Géigend ronderëm solle besser beliicht ginn. Wéi et heescht, géing d’Gemeng awer net ausschléissen, an Zukunft nach eemol op eng Sécherheetsfirma zréckzegräifen.

An der Diskussioun ëm den Asaz vun enger privater Sécherheetsfirma an der Stad Lëtzebuerg hat d’Stater DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer e puermol d’Beispill vun Déifferdeng zitéiert, wou ënnert engem grénge Buergermeeschter eng Sécherheetsfirma engagéiert gouf, fir am ëffentleche Raum opzepassen. D’Stad Lëtzebuerg hat Sécherheetsfirmen an de Stroosse patrulléiere gelooss - d’Oppositioun am Gemengerot an och de grénge Policeminister Henri Kox haten dat schaarf kritiséiert. Et wier eenzeg an eleng un der Police, fir fir Sécherheet am ëffentleche Raum ze suergen. Zanter Mëtt November ass de Kontrakt mat der Firma fir dësen Optrag fäerdeg an och net méi erneiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO