Lëtzebuerger BausecteurKooperatioun tëscht CDCL a Felix Giorgetti annoncéiert sech

RTL Lëtzebuerg
Och wann net vun enger Fusioun kéint Rieds goen, sou soll zum Beispill um Niveau vun den Akeef vu Baumaterial zesummegeschafft ginn.
© AFP (Archiv)

Am Lëtzebuerger Bausecteur annoncéiert sech eng Kooperatioun, déi sech net all Dag mécht: deemno sinn d’Schwéiergewiichter aus der Branche, d’Gruppen CDCL a Felix Giorgetti, a Gespréicher fir eng strategesch Zesummenaarbecht mateneen.

Paperjam géintiwwer hunn déi Responsabel vun de Baufirmen dës Pläng confirméiert, déi sech Mëtt d’nächst Joer solle konkretiséieren. Och wann net vun enger Fusioun kéint Rieds goen, sou soll zum Beispill um Niveau vun den Akeef vu Baumaterial zesummegeschafft ginn.

Dozou passt, datt de Grupp Felix Giorgetti och eng minoritär Participatioun am Aktionariat vun CDCL iwwerholl huet - Rieds geet vun 30%.

Zesummen ziele béid Baufirmen eng 2.000 Mataarbechter. Och wa méi enk zesummegeschafft gëtt, sou bleiwe béid Firmen eenzel onofhängeg juristesch Entitéiten.

Nach rezent ass mam Camille Diederich, ee vun de Grënner vun CDCL verscheet. Eng Firma, déi 1979 duerch d’Fusioun vun 3 Baufirmen entstanen ass.

Back to Top
CIM LOGO