
Fir d’éischt war dat just verbal, ma méi spéit tëscht 20 an 21 Auer sinn déi zwee och kierperlech uneneegeroden.
Persounen, déi eppes matkritt hunn, sollen sech beim Escher Kommissariat um (+352) 244 50 1000 mellen oder per E-Mail u police.esch@police.etat.lu wenden.
Iwwerfall am Garer Quartier
Géint 22.30 Auer koum et zu engem wiedere Virfall. Déi Kéier an der Avenue de la Gare an der Stad. D’Police hat do eng verwonnte Persoun gemellt kritt, déi iwwerfall gi wier. Op der Plaz koum eraus, dass d’Affer den Handy mat Hëllef vu Gewalt geklaut krut. Wéinst dem Affer senge Verletzunge gouf eng Ambulanz geruff an hie koum an d’Spidol. Eng Enquête gouf ageleet.