Ex-Gerante vun EpicerieKoppel zu 6 Méint Prisong mat Sursis probatoire veruerteelt

RTL Lëtzebuerg
De Parquet hat am Zesummenhank mat der Faillite, 2016, vun der Epicerie virun allem d'Banqueroute frauduleuse zréckbehalen.
© AFP

Déi zwee Ex-Gerante vun enger Epicerie zu Rodange goufen en Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht zu all Kéier 6 Méint Prisong mat Sursis probatoire veruerteelt: D'Oplo besteet doran, dass d'Koppel déi Suen, déi si an hir eegen Täsch gestach hat, an d'Masse vun der Faillite zréckféiere muss.

De Parquet hat am Zesummenhank mat der Faillite, 2016, vun der Epicerie virun allem d'Banqueroute frauduleuse zréckbehalen.

Back to Top
CIM LOGO