Zum Beispill e risegen Datenzenter oder eng Juguhurtsfabréck, déi ze vill Waasser verbraucht, eng Holzverbrennungsanlag oder eng Steewollfabréck mat schiedlechen Emissiounen.
Den éiwegen Dilemma, och fir déi aktuell Regierung mat grénger Bedeelegung: A wéi wäit ginn Ëmweltbedenken viru Wuesstemsziler?
Zu Lëtzebuerg sinn nach 10% vun der Wirtschaftsaktivitéit Industrien, déi Produiten hierstellen. Kréien auslännesch Investisseuren d'Flemm zu Lëtzebuerg agedriwwen?
Zwee Facteure spille mat, datt Lëtzebuerg nees eng méi intressant Plaz op der Weltkaart vun Investisseuren kritt: d'Automatiséierung an d'Digitaliséierung, déi de Facteur Lounkäschten deels opfänken.
An europäesch OECD-Regelen, déi mat sech bréngen, datt wa grouss Entreprisen weider fiskalesch zu Lëtzebuerg wëllen traitéiert ginn, se och hei Substanz opbaue mussen. Fir eng industriell Aktivitéit brauch eng Entreprise awer Plaz an Autorisatiounen. Wou d'Fedil, als "Stëmm vun der Industrie", eng begleedend Roll spillt. Eng Stëmm, déi sech déi lescht Méint hees geschwat huet. Et muss ee méi dacks an de Ring, fir Dossieren ze verdeedegen, sou de René Winkin.
Fage ass e gutt Beispill. En Dossier, deen zanter 3 Joer an der Aktualitéit steet. Ze laang. Dat ass der Fedil hir géisst Kritik.
Wann een op eemol Mol d’Gefill huet, d‘Autorisatioun ass d’Instrument fir villäicht awer dem Investisseur ze weisen: et geet net. Oder wann do sou laang nogefrot gëtt, datt dat Joren a Joren dréint, do seet natierlech och eng Kéier en Investisseur: Dat do loossen ech elo sinn, sou de René Winkin.
Iert e Projet der Ëffentlechkeet bekannt gëtt, misst op nationalem Plang feststoen: Wat wëlle mer iwwerhaapt, sou den Direkter vun der Fedil. Fréizäiteg misst och gekläert sinn, ob de Projet mat der Dimensioun Ëmwelt, awer och wirtschaftlech an de Konzept passt. Dat misst dem Investisseur och kloer matgedeelt ginn.
Dat bedeit natierlech och, dat Leit Responsabilitéit do mussen huelen, sou de René Winkin. A sech net bis ganz zum Schluss verstoppen. Mee vun Ufank u musse Faarf bekennen.
Zum Thema Landversigelung gëtt de René Winkin ze bedenken, datt d'Industrie déi lescht Jore vill Terrainen fir zum Beispill Logement fräigemaach huet: Wolz, Rollengergronn, Schëffleng, fir just déi Sitten ze nennen. Da wier et normal, datt d'Industrie och hannendrun nei Plaze brauch, fir d'Zukunft ze perenniséieren.