De Krich am Iran huet och Auswierkungen op d’Landwirtschaft. De Präis vum Stéckstoff ass zënter dem 28. Februar massiv an d’Luucht gaangen an dobäi war en am Hierscht mat 330 bis 340 Euro d’Tonn scho relativ héich. Zënterhier sinn nach eng Kéier 30 Prozent dobäi komm, esou datt de Bauer an Tëschenzäit bis zu 440 Euro fir 1000 Kilo muss op den Dësch leeën.
E grousse Käschtefacteur virun allem fir déi Baueren, déi net schonn am Hierscht akaaft hunn.
Den Direkter vun der Genossenschaft “de Verband”, de Serge Turmes, geet dovunner aus, datt ongeféier 70 Prozent vun de Baueren sech agedeckt haten, mä wéinst dem Präis wiere se virsiichteg gewiescht, mam Resultat, datt déi Virsiicht se elo kascht.
Mam Pëtrol huet den Dünger indirekt eppes ze dinn, en ass awer ofhängeg vum Gas, wéi de Serge Turmes explizéiert:
“Mir brauchen do Gas, fir ze produzéieren a well aus dem Noen Osten och relativ vill Gas geliwwert gëtt, geet dee Präis natierlech och erop. D’Energiepräisser hänken zesummen an dat dréckt de Präis no uewen.”
Allerdéngs wier de Präis geklommen, esou bal déi éischt Bomme gefall sinn. Deemno läit de Verdacht no, datt virun allem vun der Situatioun profitéiert gëtt, fir e gutt Geschäft ze maachen.
“Hei profitéiere ganz sécher Leit dovunner. Dat heescht an éischter Instanz d’Industrie, well den éischten Dag, wou de Krich ugefaangen huet, sinn d’Präisser rasant eropgaangen an et muss een éierlech soen, et ass jo nach keen deieren Dünger deen Dag kaaft ginn.”
De Serge Turmes seet esoulaang de Verband nach méi bëllege Produit op Stock hätt, kéint d’Genossenschaft en Tëschepräis maachen, mä soubal ee méi deier Wuere misst kafen, misst een dee Präis och eent zu eent un de Client viruginn. Fir d’Fréijoer wier et elo gelaf, do géif de Präis ganz sécher net méi erofgoen. Et kéint een eventuell op de Summer spekuléieren, mä do géif eeben net méi vill Stéckstoff gebraucht ginn.
Manner düngen ass fir de Bauer och keng Optioun, well an deem Fall gëtt d’Recolte méi kleng.
Theoretesch géif et eng Alternativ. Et kéint ee méi mat organeschem Dünger wéi Piff a Mëscht schaffen, wann et do net eng Nitrat-Direktiv géif ginn, erkläert de President vun der Bauerenzentral, de Christian Wester:
“D’Wierkung dovunner ass am beschten um Gréngland. D’Begrenzunge vun organeschem Dünger sinn awer fir Gréngland an Akerland d’selwecht. Um Gréngland kéinte mer mat agronomesche Standarden, wéi mer se haut hunn, och e bësse méi Organik ausbréngen, ouni dass dat dem Naturschutz an dem Waasserschutz géing zu widder lafen, mä dat ass den Ament politesch net gewollt an dat féiert dann dozou, datt mer deen organeschen Dünger net optimal kënnen asetzen an doduerch nach genéidegt sinn, méi mineraleschen Dünger bäi ze kafen, fir deen Defizit aus ze gläichen, fir kënnen déi Rendementen an och déi Qualitéit vu Grondfudder fir eis Béischten ze produzéieren.”
De Christian Wester gleeft och net drun, datt dës Nitrat-Direktiv wéinst der aktueller Situatioun manner streng kéint gekuckt ginn. De Bauer a President vun der Bauerenzentral seet dat wier e komplexe Mechanismus. D’Direktiv géif zwar grad iwwerschafft ginn, mä dat géif sech schonn iwwer Joren zéien. Kuerzfristeg wier do näischt ze maachen.
Vergläicht een iwwerdeems de Präis vun enger Tonn Stéckstoff mat deem vu viru 4 Joer vergläicht, ass en am Verglach nach niddreg. Wéi den Ukrain-Krich ugefaangen huet, louch e bei 950 Euro d’Tonn. Also méi wéi duebel esou deier wéi den Ament.