Generalstreik an der BelschGewerkschafte protestéiere géint Regierung, ëffentlechen Transport dierft gréisstendeels ausfalen

Joel Detaille
Keng Flich haut vu Charleroi, och zu Bréissel si ronn 50% annuléiert.
© NICOLAS TUCAT/AFP

National Manifestatioun dësen Dënschdeg an der Belsch. D'Gewerkschaften hunn nees zu engem Generalstreik opgeruff a protestéiere weider géint d'Politik vun der Regierung ronderëm de Premier Baart De Wever. Notamment wéinst geplangte Kierzunge vun de Sozialleeschtungen an de Pensiounen, awer och wéinst der Hausse vun den Energiepräisser.

D'Police réit jidderengem deen net wierklech muss, dervun of, dësen Dënschdeg mam Auto op Bréissel ze fueren. D'Quartiere ronderëm d'Gare du Nord an d'Gare du Midi sollt ee besonnesch evitéieren.

Den ëffentlechen Transport wäert zu gudden Deeler net fueren. Um Flughafe vu Charleroi goufe sämtlech Departen an Arrivéeën annuléiert, zu Bréissel-Zaventem gutt d'Hallschent.

Back to Top
CIM LOGO