D’Ausléiser awer si komplett verschidden: déi eng wëllen dat déi 132 Geiselen net vergiess ginn, déi d’Hamas zanter dem brutalen Iwwerfall, de 7. Oktober op Israel gefaangen hält. Déi aner, fuerderen datt Israel direkt déi bluddeg militäresch Replik an der Gazasträif stoppt. Och um 155. Dag vum Konflikt tëscht Israel an der Hamas hu béid Säiten, Pro-Palestinenser an Israeelien, nees an der Stad manifestéiert.
Stopp de Genozid. Deen Appell war um Samschdeg de Mëtteg op der Clairefontainesplaz net z’iwwerhéieren. Et ass do, wou een huet dierfen zu Lëtzebuerg fir en direkte Waffestopp manifestéieren. Dat nodeems d’Stad Lëtzebuerg keng Autorisatioun fir deen am Viraus ugefrote Marsch vum Glacis op den Hamilius gouf.
'' L’Union européenne doit arrêter toute coopération militaire et sécuritaire avec Israël et imposer des sanctions. ‘'
Den Associatiounsvertrag mat Israel misst direkt op Äis geluecht ginn. Sou eng vu Fuerderungen. En Appell direkt nieft dem Staatsministère.
D’Nathale Oberweis vum Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient erkläert: ''Wa si sech erëm un d’internationaalt Recht halen, dat heescht, d ‘Konventioune respektéieren, d’Konventioun vum Genozid an aner Konventiounen, dann hält dee Boykott, dat heescht, déi Sanktiounen op. Dat ass net einfach esou aus Spaass, wou ee seet, mir wëlle Sanktiounen. Et ass kloer, fir dass dee Staat sech erëm drun hält. A mir gesinn am Moment, dee Staat ass net ze bremsen, den israeelesche Staat, d’Regierung, mat de Bombardementer. Si soen et jo selwer, mir halen net op. An do soe mir, et ass eng friddlech Campagne ze soen, mir brauche Sanktiounen, dat heescht politesch, ekonomesch, diplomatesch Liene stoppen.’'
Friddlech géint de Genozid manifestéieren, dofir koumen och um Samschdeg nees Fraen a Männer an d’Stad. Net ewech kucken an der Hoffnung, eppes ze beweegen.
E puer Reaktiounen ënner aneren:
‘’Wéi déi Woche virdrun, ze protestéiere géint e Genozid, well mir geléiert gi sinn, e Genozid ass schlecht an do soll een net einfach ewechkucken, do soll een dergéint agéieren.’’
‘’Ech fannen déi Biller insupportabel, wann drëssegdausend Leit ëmbruecht ginn, haaptsächlech Fraen a Kanner. Wann dat elo net d’Leit vu Gaza wär, ech weess net, wat d’Welt géif soen. Mee an dësem Fall gëtt nogekuckt. ‘’
‘’On est dans une situation complètement schizophrène, c ‘est -à -dire que les États -Unis, d ‘un côté, livrent des armes massivement, et d ‘un autre côté, disent maintenant qu’ils vont intervenir sur le plan humanitaire. Par ailleurs, je suis comme tout le monde horrifié par les massacres commis par le Hamas, mais encore plus horrifiée par les massacres de civils qui continuent sous nos yeux depuis cinq mois dans l ‘impunité générale.’’
E puer 100 Meter méi wäit um Enn vun der Groussgaass war d’Stëmmung eng aner. Stëll hunn d’Israeeli, mat de Fotoe vun deenen, déi elo zanter dem 7. Oktober verschleeft sinn, dorun erënnert, datt weider 132 Geiselen an den Hänn vun der Hamas sinn. A sou laang déi Frae, Männer a Kanner net fräi sinn, kee Waffestëllstand méiglech wier.
‘’La libération des otages est une étape essentielle pour n’importe quel accord de cessez-le-feu. Donc voilà, on ne peut pas imaginer comment on pourrait imaginer un cessez-le-feu qui se ferait en oubliant 138 mains qui sont actuellement séquestrées, dont un enfant qui a à peine un an.’’
Et ass den Appell un d’international Communautéit, awer och grad un d’Eegeregierung, Geiselen net ze vergiessen, sech intensiv fir hir Fräiloossung anzesetzen.