BehandlungKriibspatienten an der Corona-Kris: Wat ännert sech fir si?

RTL Lëtzebuerg
Diagnos Kriibs bedeit ëmmer Angscht an Onsécherheet, an Zäite vu Corona nach vill méi. Wéi eng Auswierkungen huet déi momentan Situatioun op d'Behandlung?
Kriibspatienten an der Corona-Kris: Wat ännert sech fir si?
Diagnos Kriibs bedeit ëmmer Angscht an Onsécherheet, an Zäite vu Corona nach vill méi. Wéi eng Auswierkungen huet déi momentan Situatioun op d'Behandlung?

Wann am Kader vun der Corona-Kris vu Risikopatiente geschwat gouf, da vun Ufank un och ëmmer vun hinnen: Kriibspatienten. Als vulnerabel fir e schwéiere Verlaf vum Covid-19 gëlle virun allem Patienten, déi sech den Ament enger Chemotherapie aussetze mussen. Den Dr. Guy Berchem ass Onkolog am CHL an erkläert, dass sech direkt am Ufank vun der Kris international ënner Dokteren driwwer ausgetosch gouf, wéi d’Pandemie sech op d’Behandlung an der Onkologie auswierke soll.

"Ob mer guer keng Chemo méi solle maachen, wat fir Chemos mer solle maachen, ob mer guer keng Neipatiente méi solle maachen. An eigentlech ware mer eis do eens, dass esouvill wéi méiglech soll normal weidergoen. Wat ee ka maachen ass, ze kucken, dass d’Leit Medikamenter kréien, fir dass hir wäiss Bluttkierpercher manner laang déif sinn. Déi hu mer an dat maache mer och systematesch. Déi Chemotherapien, wou mer wëssen, dass et souwisou näischt ännert, wa se een oder zwee Méint net gemaach ginn oder Immuntherapien zum Beispill, déi kann een aussetzen."

Zu Lëtzebuerg wären den Ament tëscht 20 an 30 Prozent vun de Behandlunge vun enger Ännerung betraff, déi meescht kéinten also mat deenen néidege Schutzmoossname weidergefouert ginn. D’Consultatioune goufen doriwwer eraus op e Minimum reduzéiert an do, wou et méiglech ass, duerch Telefonater ersat.

D’Dr. Isabelle Kieffer ass Kannerdoktesch an Onkologin an der Kannerklinik. Och si begleet den Ament vill Famillen, déi sech an der aktueller Situatioun besonnesch Suergen ëm hir Kanner maachen. An deene meeschte Fäll ka se d’Famill berouegen, dass d’Kanner net als Risikopatienten anzestufe sinn. International gëtt et just ganz wéineg Publikatiounen iwwer schwéier Verleef vum Coronavirus bei Kriibspatienten ënner 16 Joer. Trotzdeem ginn natierlech all déi méiglech Schutzmoossnamen ergraff, fir den Ustiechungsrisiko esouwäit et geet ausschléissen ze kënnen.

Net ze ënnerschätzen, wär laut der Dr. Isabelle Kieffer awer och de psychologeschen Impakt vum Confinement, esouwuel fir d’Kanner, déi selwer krank sinn ewéi och fir hir Famillen.

"Mam Confinement ass et keen normaalt Liewen, et ass eng komesch Ambiance, keen dobaussen - dat ass schonn eppes, wat belaaschtend ass a mir hunn och verschidde Situatiounen, wou Elteren et guer net méi verdroen, wa se mussen am Spidol bleiwen an engem Zëmmer. Dass Famillen et net méi verdroen, agespaart ze sinn."

Fir dës belaaschtend Situatioun fir d’Famille méiglechst ze miniméiere wär den CHL beméit, Amenagementer ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO