
D’Situatioun wéi se sech haut presentéiert, ass eng ganz aner wéi nach virun zwou Wochen, dofir gouf et um Donneschdeg zwar kritesch Froen, mee keng Kritik un der Regierung.
Froe goufen et zum Beispill am Ëmgank mat Demenzkranke Leit. Do war et d’Prezisioun vun de Ministeren, datt de Santésministère zesumme mam Familljeministère den Haiser Hëllef proposéiert, wéi ee mat där Situatioun soll ëmgoen.
Och déi Leit, déi op de Fleegereseau ugewise sinn, stelle sech Froen. De Marc Spautz vun der CSV: "Deen eenzege Problem dee mir ëmmer erëm héieren, ass datt d'Leit plazeweis net verstinn, datt d'Reseaue manner kommen, wéi dat virdrunner de Fall war. Dat ass well d'Aarbecht vill méi grouss ginn ass, wéi dat virun der Corona-Kris de Fall war."
Um Bord gouf do och iwwert den Approvisionnement u Material fir d’Personal aus dem Fleegesecteur geschwat. Nëmmen um Bord, well mëttlerweil de Secteur mat Schutz-Equipement beliwwert gouf. Wat virun 2 Wochen nach net de Fall war, ass entretemps aus der Welt geschaf, esou d’Familljeministesch Corinne Cahen. Dat gesäit och d'Oppositioun esou.
Wat am Fokus vun den Diskussioune stoung, war virop déi mental Gesondheet vun de Leit an den Alters- a Fleegeheemer.
D'Corinne Cahen:
"Wéi et hinne geet an deem Ganzen. An do war ech frou, kënnen ze soen, datt eben och Leit. déi Covid-19 positiv getest waren, nees geheelt sinn. Um Mëttwoch waren et der 10. Fir genee ze sinn, déi aus dem Confinement eraus sinn. Dat heescht, dat si Leit, déi krank waren, déi Symptomer haten, déi positiv getest goufen. Déi 14 Deeg a Quarantän waren. Déi duerno 48 Stonnen ouni Symptomer waren an negativ getest goufen. Där ginn et also elo 10."
Am Ganze goufe bis ewell bis e Mëttwoch den Owend an den Alters- a Fleegeheemer 99 Persoune positiv op de Coronavirus getest. Et zielt ee 7.000 Persounen an esou Strukturen.
Och wéi d’Personal mat der Pressioun kann ëmgoen, gouf en Donneschdeg de Moien ugeschnidden. D’Familljeministesch Corinne Cahen: "Ech hunn nach vu kengem gesot kritt, datt se un hir Limitte kommen. Allerdéngs ass et eis extrem wichteg, zesumme mat de Gestionnairen ze kucken, datt d'Wuelbefanne vum Personal net ze kleng gehale gëtt. Datt mir eis och ëm si këmmeren. Wann si psychologesch Hëllef brauchen, wa si eng Fro hunn. Dat ass alles méiglech. Et si Professioneller och en place fir se z'epauléieren. Mir hunn och eng Réserve nationale op der Santé wa méi grouss Ausfäll wieren oder méi Leit an den Haiser gebraucht géifen. Dat ass awer bis elo nach net groussflächeg de Fall gewiescht."
Wéinst dem Schaffpensum vum Personal am Fleegesecteur de Moment, fuerdert d’CSV nach ëmmer eng Primm fir dës Persounen. De Marc Spautz: "Mir haten dat schonn als CSV gesot, datt mir der Meenung sinn, datt déi Leit, déi an der éischter Front sinn, datt dat d'Santés- a Fleegepersonal ass, datt do ee Geste misst kommen. Well déi Leit schaffen de Moment grad net ënnert de beschte Konditiounen. Mir wëssen, datt bei anere Betriber scho Primmen ausbezuelt sinn. D'Regierung misst och kucken, datt déi Primme steierfräi misst sinn."
D’Familjeministesch Corinne Cahen verweist hei awer op d’Gestionnairen, déi hei mussen eng Decisioun huelen. A propos Personal: Vum Terrain hätt si gesot kritt, datt een de Moment esou wéineg Krankeschäiner wéi nach ni hätt.
D’Wanteraktioun war een anere Sujet. Do gouf et bis ewell och ee positiv geteste Fall, esou d’Corinne Cahen. D’Wanteraktioun soll iwwregens verlängert ginn, bis Enn Abrëll. Och duerno soll a Concertatioun mat den Acteuren um Terrain gekuckt ginn, ob een se nees verlängert oder net.
Jee nodeem wéi laang sech dësen Etat de Crise zitt, hofft d’Oppositiounspartei CSV op weider Entrevue mat der Familljeministesch an dem Minister vun der Sécurité sociale. Bis ewell gouf där just eng respektiv, zwou am Fall vum Romain Schneider.
Wéi et en Donneschdeg de Moie weider an der Kommissioun soll weider geheescht hunn, géif de Moment zu Konsdref eng Struktur op d'Bee gestallt ginn, wou eeler Leit no enger Hospitalisatioun sollen ënnerkommen, déi net positiv sinn.
