KrankentransporterKritik un der CNS wéinst ze mann Regulatioun

Marc Hoscheid
Wie mat enger Ambulanz zum Beispill an eng Therapie fiert, weess meeschtens net, ob d'Gesondheetskees een Deel vum Präis iwwerhëlt. A falls jo, wéi vill?
© RTL/Archiv

2008 gouf d’Fédération nationale des Transporteurs de Malades, kuerz FNTM, gegrënnt. Doranner sinn 13 Entreprise regruppéiert, déi Krankentransporter ubidden, déi net ënnert d’Urgencë falen, zum Beispill Faarte vun enger Klinik an eng aner. Zanter Jore fuerdert d’FNTM eng Base legale fir Ambulanze-Betriber an datt hir Servicer vun der Gesondheetskeess rembourséiert ginn. Ma bis elo hätt d’CNS awer all Zort vu Verhandlunge refuséiert.

Krankentransporter: Et gëtt Kritik un der CNS (Reportage Marc Hoscheid)

2018 hat sech d’FNTM opgrond vun enger Zeitungsannonce bei der CNS gemellt. Ma et hätt een als Äntwert kritt, datt Verhandlungen iwwert eng Konventioun net méiglech wieren. Dofir hätt d’CNS dräi Argumenter an d’Feld gefouert, déi ee bei der FNTM net novollzéie kann. Zum Beispill, datt net kloer wier, ob d’FNTM representativ fir de Secteur wier an datt et keng Base legale géing ginn. Dobäi wier een awer representativ an datt et keng gesetzlech Basis gëtt, wier net der FNTM hire Feeler. An och dat drëtt Argument iwwerzeegt de Michel Simonis, Sekretär vun der Federatioun, net.

“Den drëtte Punkt ass e bëssi méi loufoque gewiescht, muss ech soen, well d’Krankekeess dann och avouéiert huet, datt se, aus wat fir engem Grond och ëmmer, engem anere Prestataire eigentlech eng Konventioun ginn huet, déi an där dote Geschicht virgesi war, en l’occurance der Air Rescue. Si hunn also a sech d’Air Rescue iwwert déi doten Dispositioun finanzéiert, wat awer eigentlech lo net méi de Fall ass. An datt se doduerch gesot hunn, si hätte keng Méiglechkeet, si kéinte keng zwou Konventioune maachen.”

Dorobber ugeschwat, geet ee bei der CNS op de Punkt vun der Representativitéit guer net an. D’Konventioun mat der Air Rescue géing schonn zanter den 90er-Joren existéieren. D’lescht Joer hätt ee mat der LAR, dem CGDIS an de Spideeler Prozeduren en place gesat, déi d’prise en charge vun deenen Transporter reegelen. Den Opruff an der Zeitung wier gemaach ginn, well sech 2018 duerch d’Schafe vum CGDIS vill an deem Secteur gedoen hätt. Ma well um Enn vun deem Joer am Koalitiounsaccord festgehale gouf, datt eng Base legale geschaaft soll ginn, hätt een decidéiert, dat Gesetz ofzewaarden. Dat ass awer nach ëmmer net gestëmmt, och wann et mëttlerweil ëmmerhi beim Staatsrot läit. Bei der FNTM begréisst een den Text, et gesäit een awer nach e puer Punkten, op deenen een nobessere kéint, zum Beispill bei der Qualifikatioun vun den Ambulancieren.

“Do steet ee gewëssene Kader am Gesetz dran, mee do muss awer nach eng Formatioun en place gesat ginn an et muss ee kucken, datt mer déi Leit och forméiert kréien, datt mer d’Leit och um Marché fannen, fir datt mer qualifizéiert Leit an deenen Autoe sëtzen hunn. Well déi féiere jo awer Leit, déi gesondheetlech Problemer hunn an och drop ugewise sinn, datt se net nëmmen ee Chauffeur hunn, mee och eng Persoun, déi wat éischt Hëllef ugeet, ausgebilt ass, awer och wat vläicht méi schwiereg Situatiounen ugeet, an déi esou eng krank Persoun ka kommen, wa se transportéiert gëtt.”

Enn des Mounts een eng Reunioun mat der neier Gesondheets- a Sécurité sociale Ministesch Martine Deprez, fir iwwert déi Sujeten ze schwätzen.

Back to Top
CIM LOGO