
Fir den OGBL ass dat eng Ongerechtegkeet, well déi aner Salariéeën déi Méiglechkeet, dee Statutt ze kréien, net hunn.
97 Prozent vum Personal géife Salariéë bleiwen, bedauert den Onofhängege Gewerkschaftsbond an engem Communiqué.
D’Post an d’CGPF hätte beispillsweis och festgehalen, dass zukünfteg Bréifdréier nëmmen nach privatrechtlech agestallt ginn.
E Mëttwoch hat den LCGB schonn e Protestpiquet mat deem Uleies organiséiert.