
“Déi aktuell Regierung huet et leider verpasst, e gerechte Recrutementssystem mat fairen Aarbechtskonditiounen ze schafen.” Esou heescht et an engem Schreiwes vun der ACEN, der nationaler Associatioun vun de Chargéen, e Méindeg de Moien.
D’Faass wier definitiv elo voll a wann d’Politik keng Léisunge proposéiert, géif een net méi zécken, de juristesche Wee ze goen, deen och mat gewerkschaftlechen Aktiounen da géif begleet ginn.
Changementer misst et ënnert anerem bei der Fonctionnarisatioun ginn. Dës wier an der aktueller Form “net akzeptabel”.
Den SEW, de Landesverband an AMELUX denoncéieren an engem Schreiwes déi prekär Aarbechtskonditioune vun de Chargéen. Och d’KPL huet sech an engem Communiqué solidaresch erkläert.
En Dënschdeg organiséieren d’Gewerkschaften e Protestpiquet um Krautmaart.