
E Sonndeg gëtt an der Stad den neien Boulevard de Kyiv ageweit. Dat ass den Tronçon vun der neier N3 tëscht dem Pont Buchler op der Gare an dem Lycée technique zu Bouneweg. Déi Leit, déi do ze Fouss ënnerwee wieren, géifen allerdéngs vun der enormer Hëtzt erschloen ginn. Op der ganzer Streck wier just Makadamm, keen ee Bam an net mol eng Heck an et géing schéngen, wéi wann dat och net virgesi wier, kritiséieren déi Lénk aus der Stad.
Dat bëssen „Gréngs” tëscht den Tramsschinne wier kaum eng Erliichterung fir d’Foussgänger an et géing sech d’Fro stellen, firwat an Zäite vu Klimawandel mat Summeren, déi ëmmer méi waarm ginn, vu Ponts et Chaussées net virausgeduecht gi wär. Déi Lénk Stad invitéieren dofir den zoustännege grénge Minister François Bausch, fir sou séier wéi méiglech eppes z’ënnerhuelen.
Ce dimanche , le tronçon de la nouvelle N3 entre le Pont Buchler et le Lycée technique de Bonnevoie sera inauguré sous le nom de « Boulevard de Kyiv ».
Luxembourg, le 30 juillet 2022 Communiqué par déi Lénk Stad