
Den LCGB huet e Mëttwoch de Moien e Protestpiquet virum Postgebai op der Gare ofgehalen. D’Gewerkschaft kritiséiert, dass si net bei de Verhandlunge fir eng nei Konventioun mat um Dësch souz. Déi wier just mam Syndicat des P&T ausgehandelt ginn.
Do wier d’Decisioun geholl ginn, dass 280 Salariéen an de Statut vum Employé de l’Etat wiessele kënnen. Fir den LCGB ass dat eng Ongerechtegkeet, et misst och deenen iwwer 1.500 anere Salariéë méiglech sinn, an dee Statut ze wiesselen.
D’Gewerkschaft kritiséiert och, dass d’Post zwar annoncéiert hat, vun 2010 un nëmmen nach Salariéen anzestellen, ma dës Decisioun dat ënnergruewe géing. A se gesäit och nach aner Indicen dofir, dass an Zukunft méi Leit ënnert dem Employé-Statut agestallt géingen. Sou géife Posten op dem staatleche Portal Gov-Jobs ausgeschriwwe ginn an et stéing eng Postschoul an Zesummenaarbecht mam Educatiounsministère am Raum. Och do géifen d’Leit dann ënnert dem Statut vum Employé an net als Salarié agestallt ginn.
Wéi vill Salariéen den LCGB bei der Post vertrëtt, wollt een net chiffréieren, ma et wier ee “gutt vertrueden”.