
Kuerzfristeg wier net geplangt, Plazen ofzebauen, esou den neie Patron Liberty Steel am RTL-Interview.
D’Personal vum fréiere Wierk vun Arcelor Mittal zu Diddeleng huet elo ronn 12 Méint gewaart, bis definitiv mat Liberty Steel een neie Patron de Site iwwerholl huet. De Frederic Tancrez ass Administrateur Delegué vu Liberty-Léck-Diddeleng, d’Wierker wieren eng Business-Unitéit, wat eng grouss Chance wier.
Liberty gëtt elo de fënneft-gréisste Stolproduzent an Europa an ass elo nieft Arcelor Mittal en zweeten Acteur am Secteur am Grand-Duché. Kuerzfristeg géif sech fir d’Salariéen näischt änneren. Et wéilt ee bannent 100 Deeg an engem Audit d’Potentialer a Méiglechkeete vun neie Projeten ausschaffen.
Zu Diddeleng kéinte Produite gemaach ginn, déi ee soss néierens kann hierstellen, dëst géif et erméiglechen, nei Clienten ze kréien a weider ze wuessen, esou de Frederic Tancrez.
De Frederic Tancrez huet selwer 30 Joer am fréieren Arcelor-Mittal-Wierk zu Léck geschafft, wou hien och am Management Comité vun Arcelor Mittal Belsch souz. Eemol pro Woch wier den neien Administrateur Delegué vu Liberty-Léck-Diddeleng zu Lëtzebuerg. Virop d’Synergien tëscht béide Sitte sollen an Zukunft weider ausgebaut ginn.