
Wann eng hallef Dose Polizisten an hiren Uniformen an engem Café oder Restaurant ënnerwee sinn, dann ass dat normalerweis kee gutt Zeeche fir de Betrib an d’Clienten. Anescht ass dat, wann d’Beamten “Op e Kaffi mat der Police” invitéieren. Leschten Donneschdeg war schonn déi drëtt Editioun vun deem Format an engem Etablissement op der Stater Gare^.
Mat engem klenge Retard sinn d’Policebeamte kuerz no 4 Auer am Restaurant “Casa Baffone” an der Avenue de la Liberté ukomm. All ze schlëmm war dat awer net, well deen Ament hate réischt zwou eeler Dammen de Wee op de “Kaffi mat der Police” fonnt. Si wollten näischt an de Mikro soen, ma hunn awer am Gespréich duerchblécke gelooss, datt si net zefridde mat der Sécherheetslag op der Gare sinn. Eng vun hinne wier viru knapp engem Joer iwwerfall ginn. No an no huet de Restaurant sech dunn awer gefëllt.
Um Enn waren eng 20 Leit, gréisstendeels Männer a Fraen am mëttlere bis méi héijen Alter. Déi eng wunnen op der Gare, déi aner hunn ee Commerce am Quartier, rëm anerer schaffe beim sozialen Déngscht “à vos côtés” an nach anerer wunnen op anere Plazen an der Stad. Wat war dann d’Motivatioun, fir op de Kaffi mat der Police ze kommen? Hei eng Partie Aussoe vu Leit déi present waren:
Miguel: “Ech si fir d’éischt hei, si virwëtzeg a wollt e bëssi kucken, firwat d’Police esou eng Renconter ubitt.”
Carmen: “Fir d’Police méi no kennenzeléieren a fir hinnen eventuell Saachen ze soen, no deene misst gekuckt ginn.”
Emile: “Ech wunnen am Quartier, an der Stroossbuerger Strooss, déi faméis Stroossbuerger Strooss. Ech kommen eigentlech hei hinner, fir d’Police ze luewen, well ech fannen, datt se eng gutt Aarbecht maachen op der Gare.”
Cyrille: “Ech si säit der éischter Kéier, wou se dat maachen, dobäi. Ech hu selwer Büroen an der Stroossbuerger Strooss, ech hunn ee klenge Salon de beauté an der Avenue de la liberté, dat heescht ech si concernéiert.”
Wéi et sech fir Lëtzebuerg gehéiert, war fir Iessen a Gedrénks beschtens gesuergt. E bëssi vill vläicht, well d’Hallschent vun de Saache war um Schluss nach iwwreg. Ma et goung jo och an éischter Linn dorëm, sech auszetauschen. Wéi bewäerten d’Leit dann d’Situatioun op der Gare?
Miguel: “Ech fille mech net besonnesch a Gefor oder sou, nee, nee.”
Carmen: “Ech komme bal all Dag hei hinner, fir Leit um Parvis vun der Gare ze treffen, wou et awer guer net sou sécher ass, do gëtt vill geklaut.”
Emile: “Et ass hei net sou geféierlech, wéi et ëmmer duergestallt gëtt. Déi grouss Onsécherheet existéiert eigentlech an de Käpp vun enger Partie Leit, déi ganz vill doriwwer schwätzen, menger Meenung no.”
Cyrille: “Wann ech lo ganz éierlech sinn, da géif ech mengen, datt et lo genau d’selwecht ass wéi virun 10, 15 Joer. Ech géing mengen, domadder kënne mer liewen. Natierlech hues de eng, zwou Plazen, Hotspots, wou mol eppes lass ass, mee dat weess jo all Mënsch.”
Déi hallef Dose Polizisten haten op alle Fall genuch ze dinn a goufe vu verschiddene Leit zimmlech laang a Beschlag geholl. Den Olivier Mabille war fir déi drëtte Kéier dobäi an zitt dëse Bilan: “Ech fannen et perséinlech ganz gutt, well d’Leit ginn hei raus a se hunn éischtens ee ganz anert Bild vun der Police a vun der Aarbecht vun der Police. Dobaussen huet ee Polizist oft net vill Zäit, fir sech mat de Leit ze ënnerhalen, hei hu mer déi Zäit an hei gesinn d’Leit och mol, datt hannert der Uniform, déi mer droen, ee Mënsch ass. A mir kënnen och iwwert aner Saache wéi just Kriminalitéit schwätzen.” Ma natierlech gouf och iwwert Kriminalitéit geschwat an do hätten d’Leit heiansdo e bëssi falsch Virstellungen dovun, wat d’Police iwwerhaapt maachen dierf. Dat kéim och deels duerch, datt se d’Situatioun hei am Land mat där am Ausland oder a Filmer vergläiche géingen.
Wat d’Situatioun op der Gare ugeet, seet den Olivier Mabille, datt et do natierlech eng Drogekriminalitéit géing ginn. Ma am Grousse Ganze kéint ee senger Meenung no awer net vun engem onséchere Quartier schwätzen.