D’Fuerscher verbréngen de gréissten Deel vun der Zäit um Büro an hannert dem Computer. Ma fir erauszefanne wei et viru Millioune vu Joren zu Lëtzebuerg ausgesinn huet, sinn d'Paläontologen aus dem Naturmusée reegelméisseg dobaussen ënnerwee, fir prehistoresch Spueren ze sammelen. Si erfuerschen, wéi sech d'Liewewiesen am Laf vun der Geschicht entwéckelt hunn.

Vun der Virbereedung am Naturmusée, iwwer 2 Ausgruewungen um Terrain, e kuerze Besuch beim Service Géologique an der Analys am Labo, mir hunn de Fuerscher Ben Thuy bei senger Aarbecht begleet.
Serie Paläontologie am ReplayWéi huet Lëtzebuerg virun 200 Millioune Joren ausgesinn?