De Parquet confirméiertLäich vu vermësster Fra vu Jonglënster am Kader vu privater Sichaktioun fonnt
Wéi de Parquet op Nofro hi matdeelt, gouf d'Läich vun der Fra, déi zu Jonglënster vermësst gouf, am Kader vun der privater Sichaktioun fonnt.
Verëffentlecht: 15.01.24 14:40, Update: 15.12.25 10:10
Dat nieft engem Wee, op deem d'Fra, déi zanter dem 8. Januar vermësst gouf, alt Mol spadséiere gaange wier, sou de Parquet weider.
De Parquet huet iwwerdeems eng Autopsie ugefrot, fir déi genee Doudesursaach ze klären. A priori géif et keng Hiweiser op Friemawierkung ginn.