Invité vun der Redaktioun (25. Juni)Laura Zuccoli: Politik op Käschte vu Flüchtlingen?

Claude Zeimetz
D'Presidentin vun der Asti, d'Laura Zuccoli, war e Méindeg Invité vun der RTL-Redaktioun, fir iwwert d'Situatioun vun de Flüchtlingen ze schwätzen.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Laura Zuccoli
D'Presidentin vun der Asti, d'Laura Zuccoli, war e Méindeg Invité vun der RTL-Redaktioun, fir iwwert d'Situatioun vun de Flüchtlingen ze schwätzen.

D'Presidentin vun der Asti Laura Zuccoli mécht sech, wéi se um Méindeg de Moie bei eis op der Antenn sot, Suergen iwwert d'Evolutioun vun Europa a virun allem d'Evolutioun vun eisen europäesche Wäerter wéi Solidaritéit.

D'Laura Zuccoli

Et géif ëmmer méi riets Positiounen an Europa an d'ganz Politik zitt no, huet d'Laura Zuccoli bedauert. Fir d'Astipresidentin misst et vill méi an Europa drëms goen, fir ze kucken wéi ee Leit ophuele kann a wéi des Leit  integréiert kënne ginn, amplaz vu soss näischt wéi engem bessere Schutz vun de Baussegrenzen ze schwätzen. D'Ofschottung léist de Problem nämlech net, sou eis Invitée vun der Redaktioun.

Déi richteg Kris wier net haut, mä déi wier 2015 gewiescht. D'Laura Zuccoli huet um Méindeg de Moien erkläert, datt u sech den Ament vill manner Leit an Europa ukommen, wéi nach zejoert. An den éischte 6 Méint vum Joer waren et der ëmmerhinn 75% manner wéi d'lescht Joer (6'700 Persounen).

D'Presidentin vun der Asti huet um Méindeg de Moien un d'Politiker appelléiert méi op der legaler Migratioun ze schaffen a virun allem och d'Cooperatiounspolitiken z'iwwerdenken. Duerch d'europäesch Wirtschaftspolitik géif ville Leit an hiren Heemechtslänner hir Existent ewechgeholl. An da wonnere mer eis wa se fortginn, sou d'Laura Zuccoli.

D'Presidentin vun der Asti, d'Laura Zuccoli, war e Méindeg Invité vun der RTL-Redaktioun, fir iwwert d'Situatioun vun de Flüchtlingen ze schwätzen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO