Invité vun der Redaktioun (4. Mee)Laurent Mosar iwwert d'Finanzplaz Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moie war den CSV-Deputéierte Laurent Mosar.

De Bankesecteur ass net gutt opgestallt fir d’Zukunft, wéi den CSV-Deputéierten Laurent Mosar en Donneschdeg de Mueren am RTL-Interview erkläert huet. Sou hätten d’Finanzinstituter net nëmmen mat den niddregen Zënsen ze kämpfen, mä, si hätten och héich Käschten duerch déi sëllechen Reglementatiounen déi missen ëmgesat ginn.

Dernieft géife keng nei Finanzproduiten geschafe ginn an et kéimen den Ament och keng nei Banken op Lëtzebuerg.

E legal, respektiv steierlech méi attraktivt Ëmfeld wier néideg fir, souwuel Finanzinstituter, wéi och soss Entreprisen a virun allem Start-Upen op Lëtzebuerg ze lackelen, sou de Laurent Mosar weider, deen awer kee Steierparadäis well.

Wat de Brexit ugeet, do mengt den CSV-Deputéierten, datt et, aus organisatoresche Grënn, schwéier wier ze vill Aktivitéiten vun der Londoner City opzefänken, dergéint sollt een awer déi existent Aktivitéiten hei am Land ausbauen.

Wat eng méiglech Sortie vun de Katareschen Investisseuren bei der BIL ugeet, do hofft de Laurent Mosar, datt d’Regierung opgrond vu Questioun Parlamentairen, geschwënn Explikatioune wäert ginn.

Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moie war den CSV-Deputéierte Laurent Mosar.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO