Sozialwalen 2024LCGB-Aktiounsplang ënnert dem Motto "muer e Schratt viraus"

RTL Lëtzebuerg
All fënnef Joer gi jo d'Personalvertriedungen an de Betriber an d'Plenière vun der Chambre des salariés nei gewielt.
Foto vum 1. Mee-Fest vun der LCGB
Foto vum 1. Mee-Fest vun der LCGB

Den LCGB huet e Mëttwoch de Startschoss gi fir d’Sozialwalen dat anert Joer am Mäerz. All fënnef Joer gi jo d’Personalvertriedungen an de Betriber an d’Plenière vun der Chambre des salariés nei gewielt.

Ënnert dem Motto “muer e Schratt viraus” huet de chrëschtleche Gewerkschaftsbond en Aktiounsplang mat aacht Wäerter an Engagementer ausgeschafft, déi all seng Kandidate verdeedegen.

Dozou gehéiert zum Beispill d’Salariéen en vue vun der Digitaliséierung ze schützen, d’Kafkraaft ze stäerken, sozial Ongerechtegkeeten ze reduzéieren oder d’Aarbechtszäit ze reduzéieren.

Mat bis zu 5.000 Kandidate wëll den LCGB an d’Course goen.

Eng grouss Erausfuerderung fir de President Patrick Dury ass et, fir d’Participatioun ze stäerken. Déi lescht Kéier hat just all Drëtte seng Enveloppe fir d’Chambre des salariés zeréck geschéckt.

PDF: D'Schreiwes vum LCGB mat der Presentatioun vun hirem Aktiounsplang.

Back to Top
CIM LOGO