
Riets geet hei vun 2 Entreprisen, nämlech Brink's Security an Dussmann Security, déi alle béid Aarbechtsstonne vun 12 Stonnen den Dag a 60 Stonnen d'Woch fuerderen. Dat niewent der schonn haarder Aarbecht, déi muss gemaach ginn, an der schlechter Bezuelung, déi dës Leit kréien.
Den OGBL ass strikt géint dës Decisioun, dat well et Alternative géife ginn, fir de Service ze garantéieren. Dës Kriticke goufen och un den Aarbechtsminister adresséiert, ma bis ewell, géif et hei nach keng Äntwert ginn.
Ënnert anerem fuerdert den OGBL eng Primm an op laang Dauer eng Erhéijung vun de Gehälter am Secteur vun de Securitéitsservicer.