Firwat klammen d'Präisser?Lénk fuerdere méi Detailer iwwer Societéiten, déi an Immobilien investéieren

Pierre Weimerskirch
Maxime Gillen
Am Koaltiounsvertrag vun der aktueller Regierung steet dran, dass een dee Problem wéilt ugoen. Geschitt ass an deem Beräich awer bis ewell näischt.
Immobiliefonden: Déi Lénk wëllen Detailer
Déi sougenannten FISen investéieren a spekuléieren an der Baubranche zu Lëtzebuerg, bezuelen awer quasi keng Steieren dorobber.

2.846 ha kënnen an de existéierende PAGe bebaut ginn, dat entsprécht ronn 100.000 Wunnunitéite fir 230.000 Awunner. Wisou sinn Immobilien zu Lëtzebuerg esou deier? Déi Lénk fuerderen d'Regierung ob, eng Etüd ze maachen. An der zoustänneger Chamberkommissioun gouf e Méindeg driwwer diskutéiert.

Den Deputéierten David Wagner vun Déi Lénk: Mir wëlle genau wëssen, wat fir eng verschidden Zorte vu Societéiten, déi an den Immobilien investéieren, déi verkafen, opkafen an esou weider, déi u sech Spekulatioun bedreiwen. Mir wëlle wëssen, wat fir ee genauen Impakt dat huet, wéi vill et der sinn, präzis, a wat fir een Impakt dat huet op d'Deierecht. Déi Analysen huet een net hei zu Lëtzebuerg. Mir mengen awer, datt dat immens wichteg ass, well, wann een de Problem wëll léisen, muss een de Problem och kennen. An de Problem ass deen, dat d'Regierung e kennt, mä se wëll en an deem Sënn net léisen, well d'Interesse vun der Finanzplaz, déi jo mat eraspillen, hu Virrang par Rapport zu der Deierecht vun de Immobiliëpräisser.“ .”

Am Bauperimeter kënnen 2.846 Hektar mobiliséiert ginn. Dräi Véierel dovu sinn a privater Hand. Knapp 15 Prozent sinn am Besetz vu private Gesellschaften a ronn 10 Prozent gehéieren dem Staat.

De Fond d'Investissement specialisé bezuelen nëmmen 0,01 Prozent taxe d'Abonnement a si soss vun alle Steiere befreit. Eng steierlech Ongerechtegkeet par Rapport zu personnes physiques an anere Gesellschaften. An der zoustänneger Chamberkommissioun gouf iwwert 2 Proposen diskutéiert. De President vun der Finanzkommissioun an DP-Deputéierten André Bauler:

“Dat eent wier, dat d'FIS immobilier Steieren um Revenue bezuelen, wuel bemierkt fir déi Immeublen, déi op Lëtzebuerger Territoire sinn. Eng aner Piste, déi ee sech ka virstellen, wier déi, datt Aktivitéite ronderëm de Commerce a Promotioun vun Immeublen, dat déi net méi vun esou Fonge praktizéiert ginn.”

Konkretiséiert soll dat Ganzt an der grousser Steierreform ginn. A gutt engem Mount géif de Finanzministere awer ee Rapport publizéieren.

FISen a Chamberkommissioun / Reportage Maxime Gillen

Back to Top
CIM LOGO