Veronsécherung, awer och Optimismus gëtt et aktuell an der Kathoulescher Kierch. An de leschten 3 Joer huet sech enorm vill geännert. D'Paschtéier sinn éischter kritesch, e Stéck enttäuscht a midd.
Engagéiert Laie si vill méi optimistesch an dynamesch an déi Gleeweg deels veronséchert. Dat sot de Generalvikar Leo Wagener um Dënschdeg de Moien, hie war eisen Invité vun der Redaktioun. Déi ganz Reform wär laangfristeg awer e Virdeel, eng Chance fir d'Kathoulesch Kierch. Méi e liewegt Chrëschtentum kéint entstoen a méi en éierleche Glawen.
Intern gëtt et awer vill Widderstand, vun der Säit vun de Kierchefabricken. De Bistum hat mat Widderstand gerechent, awer net an där Heefegkeet. D'Aart a Weis vum Protest huet hien enttäuscht, sou de Generalvikar.
An deenen neie Strukture wäerten déi engagéiert Benevolle méi Matsproocherecht kréien, seet de Leo Wagener. Net de Bistum kritt d'Verméigen, mä de Fong kritt separat Konten. Wéi héich d'Verméige wäert sinn, kéint een elo net soen, sou de Generalvikar.
Säi Virgänger, den Erny Gillen, wäert och näischt mam Fong ze dinn hunn.
Elo si mol Informatiounsversammlungen. Dono ass geplangt, datt Bistum a Syfel zesummekommen, fir mateneen ze schwätzen.
Invité en Dënschdeg ëm 10 op 8 war de Generalvikar Leo Wagener.
„Dir hutt d’Wuert“ zum Thema Kierchefabricken.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.