"Wierder an de Mond geluecht"Léon Gloden ass erstaunt iwwer d'Aussoe vum Dan Biancalana, dësen dementéiert

RTL Lëtzebuerg
Autoritär Zich" huet den LSAP-Deputé-Maire tëscht den Zeilen dem neien CSV-Inneminister zougeschriwwen.

Rieds war bei där Ausso am RTL-Interview um Mëttwoch iwwer d’Heescheverbuet.

Invité vun der Redaktioun - Dan Biancalana: Heescherei gëtt et och zu Diddeleng, mee mir hu kee Problem domat Eng Äusserung, déi den CSV-Minister an der zoustänneger Chamberkommissioun och virun den Deputéierten ugeschwat huet, wéi hien RTL géintiwwer sot. Hie wier erstaunt, dass den Dan Biancalana him “esou Wierder wëll an de Mond leeën” an erkläert:

“D’Police-Reglement vu senger Gemeng huet virgesinn, éier en dat Reglement zréckgezunn huet, datt all Form vu Mendicitéit duerch de Buergermeeschter eleng kéint verbidde ginn an e wollt dunn en Zousaz maachen iwwert d’Mendicité caractérisée an déi Demande ass du erakomm wéi déi Diskussioun dunn um gaang war mat dem Police-Reglement vun der Stad Lëtzebuerg an do krut hie vun der Inneministesch, och LSAP, un d’Häerz geluecht dee Projet zréckzezéien. Mee dee Passage, datt bei der Gemeng Diddeleng toute forme de Mendicité duerch de Buergermeeschter ka verbuede ginn, stoung säit 2010 a sengem Reglement. Wann en dat wierklech gewollt hätt, dann hätt en dat jo scho kéinten direkt zréckzéien, wéi e Buergermeeschter ginn ass, wat en net gemaach huet.”

Haaptsujeten um Mëttwoch an der Chambercommissioun Intérieur waren d’Immigratioun an de Wiessel bei der Policedirektioun.

Och den Dan Biancalana reagéiert

Den LSAP-Politiker Dan Biancalana dementéiert d’Aussoe vum Inneminister a nennt dës “falsch”. D’Dispositioun aus dem ale Policereglement, déi de Léon Gloden ugeschwat huet, wier ni applizéiert ginn, esou de Buergermeeschter vun Diddeleng.

“An am neie Policereglement ass guer keng Referenz méi op d’Mendicitéit gemaach ginn. Also déi doten Duerstellung vum Léon Gloden ass falsch.”

Back to Top
CIM LOGO