E Mëttwoch de Moie war d'LSAP als Oppositiounspartei Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Och zu Diddeleng ginn et Heescherten. Déi gehéieren zum Stadbild. Mee mir hu kee Problem domadder. Dofir huet d'Gemeng d'lescht Joer all Referenz op een Heescheverbuet aus dem Policereglement gestrach. Dat war eng politesch Decisioun. Dat sot den Dan Biancalana de Mëttwoch de Moien. Den LSAP-Deputé-Maire war eisen Invité vun der Redaktioun.

Am Hierscht 2022 hätt et zu Diddeleng och däitlech méi Heescherei ginn. Doropshin hätt een decidéiert, zesumme mat de sozialen Acteuren, mam Geschäftsverband a mat der Police méi proaktiv a sozial virzegoen. Et hätt een informéiert a sensibiliséiert. Natierlech wiere repressiv Mesurë wéi an der Stad Lëtzebuerg awer méi visibel wéi sozial Mesuren, kritiséiert den Invité.

Deelweis autoritär Zich vun der neier Regierung

D'LSAP wier prett fir d'Oppositiounsaarbecht an et wäert een der Regierung genee op d'Fangere kucken an dann eventuell och klappen. D'LSAP an der Regierung wier ëmmer de Garant fir de sozialen Aspekt op der Agenda gewiescht. Déi Garantie hätt ee mat dëser Regierung net méi. Et wier kloer, dass een et hei mat enger wirtschaftsliberaler Regierung ze dinn hätt, déi deelweis autoritär Zich géing weisen. Dat hätt een an de leschten Deeg ganz kloer gesinn [Affär Léon Gloden vs Serge Tonnar iwwer d'Heescheverbuet, ndlr.] an dat géing engem ze denke ginn.

An der Regierungsdeklaratioun hätt de Premier gesot, dass hie ganz kloer Akzenter wéilt setzen iwwer fiskal Ureizer um Niveau vun der Privatwirtschaft. Wat d'Sozialpolitik ugeet, wier hien allerdéngs vag bliwwen.

E fundamentalen Ënnerscheed tëscht dëser Regierung an de Sozialiste wier och, dass ënnert dem Luc Frieden de sozialen Opstig hei am Land soll geléngen, iwwer d'Ierfschaft, déi méiglech ass. Fir d'LSAP géing den Opstig iwwer d'Bildung, d'Chancëgerechtegkeet, d'Aarbecht an de Logement goen, sou de Co-Parteipresident.

Ech wéilt gäre weidermaachen

Den Dan Biancalana wëll am Summer, no den Europawalen, och nees fir de Poste vum Co-Parteipresident kandidéieren. Ganz gäre weiderhin zesummen mam Francine Closener. Si wiere virun 2 Joer als Duo gewielt ginn a si hätten d'Partei moderniséiert. Déi Aarbecht wéilt hie weidermaachen, sou den Deputé-Maire.

Invité vun der Redaktioun: Dan Biancalana

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.