Bei Expulsioune solle méi séier tranchéiert ginn, nei Policedirektioun am Mee

© RTL Archivbild
E Mëttwoch waren d'Policedirektioun an d'Immigratioun Thema an der Interieurs-Kommissioun.
Et ginn der ëmmer manner: 60 Better waren um Dag vu gëschter an de Foyeren, déi Refugiéen ophuelen, nach fräi. Dat sot den Inneminister Léon Gloden den Deputéierten um Mëttwoch an der Interieurs-Kommissioun. Den CSV-Minister huet den EU-Asylpak presentéiert, deen d'Zesummeschaffen an d'Solidaritéit tëscht de Memberlänner an de Vierdergrond stellt. Awer och däitlech méi Kontroll un de Baussegrenze virgesäit. Wat d'Expulsiounen ugeet, soll méi séier kënnen tranchéiert ginn. Eng Intentioun déi d'ADR begréisst, esou den Deputéierte Fernand Kartheiser. Déi genee Dispositiounen, zum Beispill och fir déi geplangte Maison du Retour, wieren awer nach ze klären, vu dass d'Texter nach net ausgeschafft sinn. Anescht wéi de Centre de rétention soll d'Maison du retour keng zoue Struktur sinn an domadder besser Konditioune fir Famillje mat Kanner bidden. Dozou de Gréngen Deputéierte Meris Sehovic:
"Op meng Fro hin, wéi et mat de Pläng fir d'Maison du retour ausgesäit, krut ech keng kloer Äntwert. Soudass ech dovun ausginn, dass d'Pläng fir déi geschlosse Struktur vum Centre de rétention weesentlech méi konkreet an och méi séier wäerte virugedriwwe gi wéi d'Maison du retour. An dat ass am Sënn vun alle Bedeelegten ze bedaueren."
Och fir den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana bleift d'Fro iwwer d'Aart a Weis, wéi d'Expulsiounen duerchgefouert ginn, zentral. Wa Leit net kënnen hei bleiwen, wier et wichteg e respektvolle Retour ze organiséieren. Dat wéilt d'Oppositiounspartei och besonnesch am Bléck behalen.
Enn Mee soll komplett Policedirektioun en place sinn
En anere Sujet war dann d'Erneierung vun der Police-Direktioun. Mëtt Dezember d’lescht Joer war jo bekannt ginn, dass 4 vu 6 Membere vum Direktiounscomité an d'Pensioun wéilten.
Den Inneminister Léon Gloden huet der Press detailléiert virgedroen, wie wéini d'Demande agereecht huet. Méi interessant war awer wuel eng aner Fro: "Ech hat och eng Entrevue mam Här Schrantz an ech hunn och déi Fro gestallt, déi jiddwereen interesséiert. Ass et wéinst dem Minister? D'Äntwert war ganz kloer NEEN."
De Poste vum Direkter an dem Adjoint ginn elo intern ausgeschriwwen. 15 Joer Beruffserfarung um Terrain, dat ass déi éischt Konditioun. Eréischt wann déi zwou Plaze besat sinn, sollen déi aner zwou Persoune rekrutéiert ginn. Den Ament géing e Froebou ausgeschafft ginn, fir d'Intentioune vun deenen, déi sech mellen, kennenzeléieren, esou nach de Minister. Den Oppositiounspolitiker Marc Goergen vun de Piraten huet ugemierkt, dass eng CSV-Parteikaart keng Roll dierft spillen. Hie géing hoffen, dass d'Erfarung am Vierdergrond steet an déi Persoun de Poste kritt, déi am beschte passt an net déi "déi de Minister am beschte kennt".