Invité vun der Redaktioun (9. Juni)Léon Gloden, Inneminister

Carine Lemmer
En Dënschdeg de Moien sinn d'Probleemer am Stater Garer Quartier an den europäeschen Asyl- a Migratiounspakt Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Leschte Samschdeg hu mer an der Emissioun Background iwwer d'Probleemer op der Stater Gare geschwat. Och iwwer d'Sécherheet oder d'Drogeproblematik.
Déi Theme gräife mer en Dënschdeg de Moie mam Inneminister Léon Gloden op. Hien ass eisen Invité vun der Redaktioun.

Mir froen no, wéi déi rumänesch Polizisten um Terrain ukommen a wéini de Platzverweis renforcé elo definitiv kënnt.

Den europäeschen Asyl- a Migratiounspakt, wou zwee Gesetzer fir d'Ëmsetzung haut an der Chamber solle gestëmmt ginn, ass awer och e Sujet. 
Wollt d'Regierung d'Texter bewosst séier duerch d'Prozedur kréien? Grouss Deeler vun der Oppositioun kritiséieren, datt net genuch Zäit do war, fir uerdentlech ze schaffen. A wat bedeiten déi nei, méi streng Reegele fir Lëtzebuerg?

Den Inneminister Léon Gloden ass um 8 live bei eis am Interview.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO