Ausseministère"Let's make it happen" geet an d'Verlängerung

RTL Lëtzebuerg
Déi néi "Nation Branding"-Campagne vum Ausseministère wëll an de Joren 2021 bis 2025 besonnesch op Kreativitéit, Diversitéit an Nohaltegkeet setzen.
© Chris Meisch

Fir den neien Aktiounsplang sinn 1,5 bis 1,8 Milliounen Euro virgesinn. Zanter 2018 wëll d'Lëtzebuerger Regierung verstäerkt den Image de marque vu Lëtzebuerg am Ausland verbesseren. Et misst een awer nach vill méi maachen, fir d'Message international eriwwerzebréngen a mat Inhalt ze fëllen, sou den Ausseminister Jean Asselborn.

Let's make it happen - Reportage Chris Meisch

De Slogan „Let's make it happen“ soll méi eng méi déifgrënneg Bedeitung kréien an nei Konzepter ausgeschafft ginn. D'Beryl Koltz, Responsabel vun der Strategie vum Nation Branding erkläert: „LET ass d'Entréesdier zu der Strategie a se hannerfreet d'Relevanz an d'Finalitéit vun eiser Missioun a versicht och déi essentiell Linnen ze degagéieren, Visioun, d'Missioun, d'Objektiver. Den US vu „Let us make it happen“, wien ass den US? Dat si mir, Lëtzebuerg, d'Partie prenante, an dat ass de YOU, dat heescht, dat si Groupes cibles, déi Lëtzebuerg domat wëll uschwätzen. Am Kapitel MAKE schwätze mir iwwert Methodologie: wéi kënne mir, als Partie prenante eis Groupes cibles erreechen. Ganz wichteg, den IT, well eng Fro déi jo oft zréckkënnt, dat ass wann ee seet: “ Let's make it happen“, jo wat wëlle ma dann, wat soll geschéien, wat ass den IT? A schliisslech den HAPPEN, dee ma hei reliéiere mam narrativ, dat heescht mat engem Fil rouge, deen eis erméiglecht, eis als Land z'erzielen.“

© Chris Meisch

Et soll keng „Make-up“-Aktioun, mä eng Verdéiwungsaktioun, erkläre wat de Grand-Duché ass an de Leit Lëtzebuerg méi no bréngen, sou Beryl Koltz. Dat wéi gesot mat engem Joresbudget vun 1,5 bis 1,8 Milliounen Euro, mat deem verschidde Projeten kënne realiséiert ginn: „Do ass och de Besoin de festgestallt ginn ass, fir méi Inhalt, dee versiche ma domadder entgéint ze kommen, andeem ma all de Visuell, deen et lo scho gëtt, wéi zum Beispill de „Luxembourg“ virun der Philharmonie, déi Lettragen, dass ma déi mat Inhalt verbannen. Dat heescht, mat der Zäit, iwwert eng technologesch Solutioun. Mir sinn amgaang eng Synergie ze fannen, mam Ekonomiesministère iwwert den Tourismus, déi wäerten och eng Applikatioun entwerfen, „Visit Luxembourg“, dass en da Philharmonie, de Lettrage ka scannen an dann huet een hannendrun, wat gëtt et zu Lëtzebuerg vu klassescher an akustescher Musek, wéi eng Festivaller ginn et, wéi eng Venues, wéi eng Kënschtler. Dass dat wierklech all Kéiers eng Porte d'entrée ass zur Informatioun iwwer Lëtzebuerg. Zellwecht och fir all eis Objeten, dat heescht do ass och à terme d'Iddi, dass een all Objet ka scannen an een doduerch net nëmmen een Objet kritt, mä hannendrun eng ganz Welt.“

D'Campagne wëll hirem Slogan méi Contenu ginn, andeems Wäerter an d'Gesichter vu Lëtzebuerg méi no bausse gedroe ginn an dat Mënschlecht vu Lëtzebuerg vermëttelt gëtt. Et wëll ee besonnesch déi Länner erreechen, déi haut nach en ongeneet oder negatiivt Bild vu Lëtzebuerg hunn.

„LET ass d'Entréesdier zu der Strategie a se hannerfreet d'Relevanz an d'Finalitéit vun eiser Missioun a versicht och déi essentiell Linnen ze degagéieren, Visioun, d'Missioun, d'Objektiver. Den US vu „Let us make it happen“, wien ass den US? Dat si mir, Lëtzebuerg, d'Partie prenante, an dat ass de YOU, dat heescht, dat si Groupes cibles, déi Lëtzebuerg domat wëll uschwätzen. Am Kapitel MAKE schwätze mir iwwert Methodologie: wéi kënne mir, als Partie prenante eis Groupes cibles erreechen. Ganz wichteg, den IT, well eng Fro déi jo oft zréckkënnt, dat ass wann ee seet: “ Let's make it happen“, jo wat wëlle ma dann, wat soll geschéien, wat ass den IT? A schliisslech den HAPPEN, dee ma hei reliéiere mam narrativ, dat heescht mat engem Fil rouge, deen eis erméiglecht, eis als Land z'erzielen.“

Liest hei de komplette Communiqué vum Ausseministère, sou wéi de Plan d'action am PDF.

Back to Top
CIM LOGO