Global Finance mellt"Lëtzebuerg ass dat räichste Land vun der Welt"

RTL Lëtzebuerg
Singapur, Irland, Katar, Macau an d’Schwäiz kommen hannendrun. Däitschland läit op der 19. Plaz.

D’Belsch sinn 22 a Frankräich ass op der 26. Plaz. Ganz hannen op der Lëscht sinn de Südsudan an de Burundi.

Länner wéi Afghanistan, Syrien oder d’Ukrain goufen op der Säit gelooss.

Inegalitéite wieren net gutt, heescht et och nach am Klassement vu Global Finance. Dat géif de Wuesstem bremsen a kéint fir politesch Instabilitéit suergen.

De kompletten Artikel mam Ranking op www.gfmag.com

Back to Top
CIM LOGO