Fräizäit-TouristenLëtzebuerg ass eng Erhuelungsdestinatioun

RTL Lëtzebuerg
Gutt d’Halschent vun de Fräizäit-Touristen zu Lëtzebuerg komme wéinst der Natur an der Landschaft an de Grand-Duché.
Lëtzebuerg ass eng Erhuelungsdestinatioun
Gutt d’Halschent vun de Fräizäit-Touristen zu Lëtzebuerg komme wéinst der Natur an der Landschaft an de Grand-Duché.

Fir d’Fräizäittouristen ass de Grand-Duché an der Haaptsaach eng Erhuelungsdestinatioun. Dat geet ënnert anerem aus der Etüd vun TNS Ilres an Optrag vu “Luxembourg for Tourism” ervir. Déi hunn 1.300 Leit befrot, déi zu Lëtzebuerg ee Sejour gemaach hunn, an der Majoritéit goufe Leit, déi fir de Spaass heihinner komm sinn, befrot. Eng Minoritéit vun de Befroten, ware Persounen, déi fir ee Businesstrip zu Lëtzebuerg iwwernuecht hunn. De Moien huet den Tourismusminister Lex Delles d’Chiffre presentéiert.

Fir d’Besoine vun den Touristen zu Lëtzebuerg besser kënnen ze cadréieren an och wierklech op déi kënnen anzegoen, soll esou eng Etüd vun elo un, all Joer gemaach ginn, esou den Tourismusminister Lex Delles. Déi lescht Etüd vun deem Genre géif op d’Joer 2013 zeréck goen. An där déi de Muere presentéiert gouf, goufe Leit befrot, déi tëscht Mee 2017 an November 2018 hei am Land passéiert sinn.

E bësse méi wéi d’Halschent vun de Fräizäittouriste géif op Lëtzebuerg wéinst der Natur kommen. Déi Donnée geet dann och Hand an Hand mat den Aktivitéite vun den d’Fräizäittouristen. 72 Prozent hunn nämlech uginn, datt si sech entspane wëllen. Den Tommy Klein vun TNS Ilres. "D’Leit sinn heihinner komm fir sech z’erhuelen. Op der zweeter stell steet de Restaurant, an op drëtter Stell kënnt d’Zäit mat der Famill verbréngen. Wann ech déi dräi zesummen huelen, da sinn et net déi konkret Aktivitéiten déi am Virdergrond stinn, mä d’Leit sinn heihinner komm fir sech z’erhuelen."

Well d’Natur eben eng ganz kruzial Roll anhëlt, virun allem bei de Leit, déi fir hir Fräizäit op Lëtzebuerg kommen, wëll de Ministère an Zukunft nach méi op dës sëtzen. De Lex Delles: "Dëst weist datt den Aktivitourismus an engem authenteschen a naturbeloossenen Ëmfeld muss méi staark promouvéiert ginn. Dofir soll een d’Vëlos a Wanderweeër vernetzen un déi interessant touristesch Sitten, een digitale Routeplaner an de Gepäcktransport fir de Vëlo."

Bei de Businesstouriste steet d’Restauratioun als Aktivitéit dann op éischter Plaz, mat 54 Prozent virun engem Entdeckungstour duerch d’Stad Lëtzebuerg, mat 46 Prozent.

8 vun 10 Fräitzäittouriste fannen d'Destinatioun Lëtzebuerg ganz positiv. 9 op 10 géifen et weider recommandéieren. Déi meescht vun de Befroten hu sech dann och fir ee Sejour zu Lëtzebuerg decidéiert, well si eppes Guddes driwwer héieren hunn.

Luxembourg for Tourism ass dann de en Dënschdeg de Mueren op déi nei Zilgruppen agaangen. Et wier een net méi bei den Hardcore Vëlosfuerer a Wanderer huet et do geheescht, mee bei den Explorer, dat heescht Leit déi no regionale Saache sichen, oder och no de Perfection Seekers. De Sebastian Reddeker vu Luxembourg for Tourism: "Wa mir iwwert Instagram schwätzen, do sinn et déi typesch Leit, déi wann se ënnerwee sinn, déi kucke wat sech am beschten op enger Foto ka weisen. Si sinn op der Sich no extravaganten an exklusiven Ziler. Do hu mir gesinn, datt d’Leit Lëtzebuerg nach net kennen. V’leit gëtt et méi exklusiv op Lëtzebuerg ze reesen, wéi op d’Malediven, well déi kennt jo u sech jiddwereen."

Wéi vill d’Leit pro Sejour hei zu Lëtzebuerg ausginn, doriwwer gouf et de Muere keng konkret Zuelen, well et do ze vill verschidde Profiller géif ginn, huet et geheescht. Just esouvill: 40 Prozent vum Vakanzebudget vun de Fräizäittouristen ass fir d’Iwwernuechten, bei de Businesstouriste sinn et 50 Prozent.

En Dënschdeg de Moie war et dann och d’Annonce datt den 19ten Abrëll déi néi Saison offiziell lancéiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO