Costa Rica a BeninLëtzebuerg baut de Reseau vun Ambassade weider aus

RTL Lëtzebuerg
Firwat huet Lëtzebuerg zanter engem hallwe Joer nei diplomatesch Vertriedungen am Costa Rica an dem Benin?

Wéi den Ausseminister preziséiert, ass de Benin am Kader vun der Entwécklungszesummenaarbecht fir de Grand-Duché interessant - duerfir dann och deen neie Büro zu Cotonou, wou d’Lëtzebuerger Vertriedung och fir den Togo zoustänneg ass.

Soss huet Lëtzebuerg um afrikanesche Kontinent nach 6 Ambassaden, dat um Cap Vert, am Burkina, dem Mali, Niger, Ethiopien an dem Senegal.

Dëst Joer ass virgesinn, fir mam Ruanda eng aacht Ambassade an Afrika op ze maachen - dat soll am Hierscht de Fall sinn.

Eng aner nei Ambassade plangt d’Regierung dëst Joer am Kanada op ze maachen.

Wat d’diplomatesch Vertriedung zu San José am Costa Rica ugeet, sou ass dëst als nei diplomatesch Orientatioun ze gesinn, nodeem d’Ambassade am Nicaragua zougemaach gouf. De Costa Rica ass duerfir den Hub fir d’Lëtzebuerger Entwécklungszesummenaarbecht fir d’Mëttelamerika-Regioun.

Aktuell zielt eist Land e Reseau vu 46 Ambassaden, wou der dëst Joer also nach zwou dobäi kommen an enger hallwer Dose General-Konsulater.

Dës Donnéeë liwwert den DP-Ausseminister Bettel op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar.

Hei d'Äntwert op eng parlamentaresch Fro!

Back to Top
CIM LOGO