
A wéi all Joer trëfft sech hei den Who-is-Who aus Wirtschaft a Politik. Et war e klore Message un d'Politiker, déi en Donneschdeg den Owend am Public souzen: All sozial fortschrëttlech Mesuren, musse vun den Entreprisë gedroe ginn. An dat wier net ëmmer evident, esou de President vun der Fedil.
A senger Ried huet de President vun der Fedil Nicolas Buck ënnert anerem iwwert déi grouss Erausfuerderunge fir d'Entreprise geschwat. Si misste mam Fortschrëtt an der Digitalisatioun mathalen. An derbäi kéim dann och nach den Drock, deen duerch sozial Mesuren entsteet, déi de Salariéen e besseren Equiliber tëscht Beruff a Privatliewen erméigleche sollen. Ma dee gréissten Defi géif bei der Educatioun leien, esou de Nicolas Buck.
De Manktem un Educatioun a Saachen Technologie wier ee vun de gréissten Defien hautdesdaags. Dat sot och de Premier Xavier Bettel. Donieft misst Europa endlech bei der Ëmsetzung vun engem eenheetlechen digitale Marché virukommen.
Och a Saachen kënschtlech Intelligenz dierft Lëtzebuerg den Zuch net verpassen. Dowéinst sollen d'Kompetenzen ausgebaut an domat dann déijéineg ugezu ginn, déi dës Kompetenze brauchen. A genee do gesäit de President vun der Fedil, de Nicolas Buck déi laangfristeg gréissten Erausfuerderung. Den Ament géifen nämlech vill ze mann Leit Science wéi Chimie, Physik oder Mathematik studéiere goen. Wéilt een awer Problemer, wéi de Klimawandel seriö ugoen, bräicht een awer genee déi Profiller.
D'Fedil, déi d'lescht Joer hiren honnertste Gebuertsdag gefeiert huet, zielt haut eng 600 Memberen. An de Neijoerschpatt wier eng gutt Occasioun, fir d'Stäerkt an d'Diversitéit vun der Fedil ze weisen, esou nach de Nicolas Buck. Neijoerschpatt vun der