
Lëtzebuerg ënnerstëtzt d’Ukrain am Krich géint Russland net nëmmen op der politescher Bün, mee och ganz konkret mat militäreschem Equipement.
Sou goufe bis ewell zum Beispill 7 Jeepen, all Kéiers 5.000 Helmer a Giles Pare-Balles grad wéi ronn 22.400 Gasmaske geliwwert.
Donieft huet d’Lëtzebuerger Arméi zesumme mat der Direktioun vun der Defense eng 100 Anti Panzer-Waffen, iwwer 12.000 Schoss Munitioun fir dës Waffen an 20.000 Schoss Munitioun fir Maschinnegewierer bei d’ukrainesch Truppe geschéckt.
Soss Material dat an d’Ukrain goung ware 15 Zelter an 10 komplett Sette Satellitten-Kommunikatiounssystemer.
Wat d’Valeur vun dëser Waffen- a Materialliwwerung ass, deelt den Defenseminister net mat - déi eenzeg Niewekäschte wieren d’Transport- an administrativ Fraise gewiescht.
Dës Detailer liwwert de Minister François Bausch op Basis vun enger parlamentarescher Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.
Weider heescht et, datt weidert Militär-Material wäert vu Lëtzebuerg aus an d’ukrainesch Krichsgebitt geliwwert ginn.
Hei déi komplett parlamentaresch Fro mat der Äntwert vum Minister François Bausch.