Opklärung a Berodung si wichteg fir d'PreventiounLëtzebuerg gëtt ëmmer méi dacks Affer vu Phishing-Attacken

Dany Rasqué
Esou Attacke ginn et schonn éiweg, mä laang waren d'Leit hei am Land manner betraff.
© Shutterstock

Ewell si Mailen, déi ausgesinn, wéi wa se zum Beispill vun der Police oder vu Guichet.lu géife kommen, näischt Aussergewéinleches méi. Fir d’Leit viru Bedruch ze schützen, spillt Opklärung a Berodung eng wichteg Roll.

Déi Roll huet BeeSecure zu Lëtzebuerg iwwerholl an d’Bedeitung vun dëser Regierungsinitiative gëtt ëmmer méi grouss. De Jacques Federspiel vu BeeSecure seet, et géifen an Tëschenzäit ganz cibléiert Attacken op Lëtzebuerg ginn. D’Sprooch wier kee Problem méi, déi Onéierlech wéissten, datt Lëtzebuerg e räicht Land wier an déi nei Technologië géifen Attacke méiglech maachen.

Schutz viru Phising Attacken / Dany Rasque

D’Attacke wierken ëmmer méi professionell a mir géifen dacks net gutt genuch oppassen. Et gëtt awer Méiglechkeeten, fir sech ze schützen, och wann déi deem engen oder anere vläicht banal virkommen. Als alleréischt, seet de Jacques Federspiel, sollt een onbedéngt iwwerpréiwen, vu wiem dee Mail ass, deen ee grad viru sech huet. BeeSecure réit dann och ëmmer, an déi respektiv App ze goen an net einfach esou op e Link ze klicken. Sollt een dann awer an eng Fal tappen kann een natierlech bei d’Police goen, mä et sollt ee sech och d’Adress LHC.lu verhalen, dat ass d’Luxembourg House of Cybersecurity.

Back to Top
CIM LOGO