
De GAFI setzt Normen an de Beräicher Blanchiment an Terrorismusfinanzéierung fest a kuckt a reegelméissegen Ofstänn, ob déi 40 Memberlänner dës och anhalen. Bei der leschter Evaluatioun 2010 war Lëtzebuerg negativ opgefall, well de Grand-Duché u sech just 1 vun de méi wéi 40 Krittären effektiv erfëllt hat.
Dës Kéier klengt dat scho ganz anescht. Lëtzebuerg hätt verstanen, wéi enge Geforen et duerch Geldwäsch an Terrorismusfinanzéierung als regional an international Finanzplaz ausgesat ass an d’Zesummenaarbecht an deem Beräich tëscht de concernéierten Acteuren am Land wier gutt, esou d’Aschätzung vum GAFI.
Lëtzebuerg misst elo nach en Effort maachen, fir ënnert anerem méi komplex Blanchiment-Systemer z’erkennen an dëse strofrechtlech nozegoen. De finale Rapport wäert am September publizéiert ginn.
Link: D’Schreiwes vun de Justiz- a Finanzministèren iwwert de Rapport vum GAFI.