
Iwwert de Weekend koum et zu engem Accord tëscht 8 EU-Memberlänner, fir eng 220 Flüchtlingen, déi am Mëttelmier opgegraff goufen, vu Malta aus, ëmzeverdeelen.
Virdru gouf et eng deeglaang Blockad vum Mëttelmier-Staat, fir Refugiéë vun zwee ONG-Schëffer bei sech op ze huelen, well een d’Laascht net eleng wollt droen. Eréischt de 9. Januar konnten d’Schëffer mat 49 Refugiéen u Bord op Malta uleeën.
Lëtzebuerg wäert 6 vun deene Flüchtlingen aus Afrika op huelen. RTL huet sech mol an der zoustänneger Chamberkommissioun ëmfrot, wéi deen Deal tëscht, wéi gesot 8 Memberstaaten, bei de Parteien interpretéiert gouf.
Well et also keng generell Solidaritéit an der EU gouf, fir d’Leit , déi am Mëttelmier gerett goufen, op alle 28 op ze deelen. Nieft dem Grand-Duché hu sech just nach 7 weider Länner, dorënner Däitschland, Portugal, Frankräich oder Italien, dozou bereet erkläert. Fir de President vun der parlamentarescher Aussen- a Kooperatiouns-Kommissioun Marc Angel, als Lëtzebuerg, eng logesch Mesure. Et kéint een net Solidaritéit am Ausland priedegen an et selwer net maachen. Do wier een a Kontradiktioun an dat kéint net sinn.
Dat ass och den Tenor, queesch duerch all an der Chamber vertruede Faarwen. Allerdéngs géif een sech, à part vun dësem Ausnamefall, endlech méi eng global europäesch Léisung wënschen, wat och den CSV-Deputéierte Claude Wiseler bedauert. Déi europäesch Politik hätt sech net zu enger allgemenger Solidaritéitspolitik entwéckelt. Hei géif vu Land zu Land tranchéiert ginn an dat kritiséiert d'CSV.
Dëst regrettéiert och de Sven Clement vun de Piraten, dee betount, dass et net ka sinn, dass all Kéiers wann eng Persoun am Mëttelmier gerett gouf, d'Ministere vun de Länner missten op de Plang geruff ginn. All Mënsch ass et wäert gehollef ze kréien, dowéinst fuerderen d'Pirate méi eng human EU-Politik.
Well genee dat mécht eis jo aus, seet d’Djuna Bernard vun de Gréngen, dat wier als EU-Member eng verdammte Flicht. Eng hallef Dose Leit ophuele wier en absolute Minimum, deen ee maache kéint. Lëtzebuerg misst weiderhin eng aktiv Roll iwwerhuelen an aner Memberen an der EU un den Dësch kréien.
Eng Positioun, déi och den DP-Fraktiounschef Eugène Berger deelt, eleng geet et net, mä just als ganz EU. Eng Approche, déi een och schonn an de Jore virdrun hat.
Ufank Februar wäert de Jean Asselborn an d’Kommissioun kommen, fir de Bilan vun der Immigratiounspolitik vun 2018 ze zéien, an e Bléck no vir ze geheien. Do wäert dësen Accord, genee wéi de ganzen europäeschen Asyl-Pak, deemno sécher och e Sujet sinn.