Déi Präzisiounen huet d'Ministesch Paulette Lenert e Méindeg um Weltdag vun der humanitärer Hëllef ginn. Ervirgestrach ginn dëst Joer d'Fraen, déi an der humanitärer Hëllef aktiv sinn.
D'Paulette Lenert explizéiert, dass grad Fraen Affer géife gi vu Gewaltdoten an dofir géif ee si ervirsträichen.
Weltwäit brauchen 135 Millioune Leit humanitär Hëllef, den Ament kënnt se awer eréischt bei 98 Millioune Leit un. Duerch ëmmer méi Krisen, mat ëmmer méi engem groussen Ausmooss ginn och d'Erausfuerderungen um Terrain fir ze schaffen an d'Luucht. Ënnert anerem, wann ee vu Logistik schwätzt, ënnersträicht d'Paulette Lenert.
"Mir hu Campen, wou bis zu enger Millioun Leit ënnerbruecht sinn. Dat ass quasi wéi eng Stad oder e Land an de Länner. Do muss alles, vu Sanitärinfrastrukture bis zu Schoulen, alles en place gesat ginn, well déi Krise sech ganz dacks iwwer Joren zéien. Dat heescht, mir si bei humanitäre Krisen absolut net méi an deem Film, an deem een eng Kris huet, déi ee Mount dauert an et da gutt ass."
Dacks wuesse ganz Generatiounen an esou Campen op. Fir deene Leit kënnen eng Zukunft ze bidden, gëtt dofir en Accent op d'Educatioun geluecht. Donieft gëtt awer och probéiert, de Mënschen e kulturellt oder iwwerhaapt e soziaalt Liewen ze bidden.
Do präsent ze sinn, wou et eng humanitär Kris gëtt, ass eent vun den Ziler vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef an de Grand-Duché leet vill Wäert drop, fir onparteiesch ze hëllefen:
"Dat heescht, mir hunn eis ganz staark de Prinzipie vun der humanitärer Hëllef verschriwwen, wou ee seet: "Mir hëllefen ouni ze kucken, ouni politesch Consideratiounen eraspillen ze loossen". Do, wou et wierklech am néidegsten ass an Aide humanitaire seet et: Mir sinn hei an engem Kärgebitt vu Mënscherechter vum Mënsch, deen dem Mënsch hëlleft. Dat ass am Fong elementar Solidaritéit, déi een do erëm fënnt an déi och déi international Communautéit ronderëm dëst Thema zesummenhält ", betount d'Paulette Lenert weider.
Den Ament schafft Lëtzebuerg un enger neier Strategie fir déi humanitär Hëllef - déi soll dat anert Joer am Summer virgestallt ginn. D'Kooperatiounsministesch well an der Kontinuitéit virufueren, mä mat nach méi engem staarke Fokus op Innovatioun an Technologien.
"Mir maachen dat einfach aus der Iwwerzeegung eraus. Dat nämlech eppes ass, wou mer eng Stäerkt weisen als Land, doniet och eng Visibilitéit kënne kréien a wierklech en Impakt kënnen hunn, deen iwwert dat erausgeet, wat mer mat deene Montante kënnen erreechen, déi mir duerch eis Gréisst zur Verfügung hunn. Déi si wuel relativ gesi ganz grouss an och unerkannt, mä wann een d'global Situatioun kuckt, bleift dat ëmmer nëmmen eng Drëps op de waarme Steen."
5 jonk Lëtzebuerger engagéiere sech den Ament an der humanitärer Hëllef um Terrain. Datt si et do mat engem geféierlechen Ëmfeld ze dinn hunn, weisen d'Zuele vun zejoert. Weltwäit goufen iwwer 400 Persounen, déi sech engagéiert hunn, Affer vu Gewalt. 131 Leit si gestuerwen, 144 goufe blesséiert an 130 entfouert.

#WorldHumanitarianDay: conférence de presse de Paulette Lenert sur l'aide humanitaire luxembourgeoise (19.08.2019)
Communiqué par: ministère des Affaires étrangères et européennes / Direction de la coopération au développement et de l'action humanitaireLa Journée mondiale de l'aide humanitaire est l'occasion de mettre en évidence le travail exemplaire des humanitaires, confrontés à des défis énormes, liés tant bien au changement climatique qu'à des crises géopolitiques. Elle a été instaurée en mémoire des victimes de l'attentat perpétré contre le siège des Nations Unies à Bagdad en 2003, qui avait causé la mort de 22 personnes, dont le représentant spécial des Nations Unies en Iraq, Sergio Vieira de Mello.
A l'occasion de la Journée mondiale de l'aide humanitaire, la ministre Lenert a présenté les grandes lignes de l'action humanitaire luxembourgeoise.
En 2018, 53 millions d'euros (13,21 % de l'aide publique au développement) ont été consacrés à l'action humanitaire. L'année a été dominée par les crises humanitaires en Syrie et au Yémen, mais aussi au Sahel et dans la région du Lac Tchad. Pour tous ces contextes humanitaires, le gouvernement a mis à disposition des financements substantiels pour réaliser des projets d'urgence d'ONG luxembourgeoises et pour appuyer les opérations humanitaires des agences onusiennes et du CICR.
Le dispositif de communication d'urgence emergency.lu fait également partie intégrante de l'aide humanitaire luxembourgeoise. En 2018, 20 téraoctets (20.000 MB) de données ont été transférés via des systèmes mobiles de télécommunication par satellite au Soudan du Sud, en République démocratique du Congo, au Niger et au Nigéria en soutien des agences onusiennes PAM, UNHCR et UNICEF.
Par ailleurs, 5 jeunes sont actuellement engagés dans l'action humanitaire pour le compte du Luxembourg auprès du Programme alimentaire mondial (PAM), de l'Agence des Nations Unies pour les réfugiés (UNHCR), et du Bureau de la coordination des affaires humanitaires (OCHA).
La cause la plus fréquente à l'origine de crises humanitaires sont des conflits internationaux. Selon les Nations Unies, plus de 135 millions de personnes nécessitent de l'aide humanitaire, mais seulement 97, 9 millions en bénéficient à ce jour.
En 2018, 405 travailleurs humanitaires ont fait l'objet de violences majeures. Parmi les victimes, 131 ont été tuées, 144 blessées et 130 enlevées.
En 2019, la Journée mondiale de l'aide humanitaire est dédiée au travail des femmes dans les situations de crise à travers le monde. Il s'agit d'une part de valoriser l'apport des femmes dans les situations les plus difficiles, et d'autre part d'insister sur la nécessité de garantir la protection du droit international à toutes les personnes sans distinction. Les mots-clés #FemmesHumanitaires et #WomenHumanitarians permettent de mettre en valeur les expériences des travailleuses humanitaires sur les réseaux sociaux.
Rappelons que le renforcement de l'intégration socio-économique des femmes et des jeunes est une des quatre thématiques prioritaires de la stratégie générale de la coopération luxembourgeoise, intitulée « En route pour 2030 ». L'égalité des sexes et de l'autonomisation de toutes les femmes et filles constitue en outre un des 17 objectifs de développement durable des Nations Unies.
Plus d'informations :
https://www.unocha.org/world-humanitarian-day-2019
https://www.un.org/en/events/humanitarianday/
https://www.worldhumanitarianday.org/fr/
www.cooperation.lu