PensiounsdebattLëtzebuerg huet den drëtthéchste Genderpensiounsgap an der EU

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg huet mat 38 Prozent deen drëtthéchste Genderpensiounsgap an der EU.
Lëtzebuerg huet den drëtthéchste Genderpensiounsgap an der EU
Just op Malta an an Holland ass den Ecart tëscht de Pensiounen, déi Männer a Frae kréien, nach méi grouss.

Just op Malta an an Holland ass den Ecart tëscht de Pensiounen, déi Männer a Frae kréien, nach méi grouss. Dat geet aus dem Pension Adequacy Report vun der EU-Kommissioun ervir.

Deen Ecart betrëfft déi aktuell Pensionären, also Generatiounen, an deene meeschtens d’Frae guer net oder Deelzäit geschafft hunn, fir d’Kanner an der Koppel ze versuergen. Dofir hu se keng esou komplett Versécherungskarriäre wéi d’Männer. Si sinn dowéinst an der Moyenne 2004 och nach iwwer zwee Joer méi al gewiescht ewéi d’Männer, wéi se an d’Pensioun gaange sinn. Deen Ecart geet allerdéngs zou, 2022 waren d’Frae beim Pensiounsantrëtt just nach e puer Méint méi al wéi d’Männer.

Pensiounsdebatt: Froen an Äntwerten zum Genderpensiounsgap

Wien Deelzäit schafft, verdéngt awer och manner, cotiséiert da manner a kritt herno dowéinst manner Pensioun. All dës Facteure féieren dozou, datt ronn 60 Prozent vun de Fraen am Régime général eng Pensioun vu manner ewéi 2.500 Euro de Mount kréien. Ronn 80 Prozent vun deenen, déi e Complement fir d’Mindestrent musse kréien, si Fraen.

Den Genderpensiounsgap geet zwar erof - 2019 louch en hei am Land nach bei 46 Prozent – ma d’Fro ass, wéi séier a wéi wäit. Bal en Drëttel vun de salariéierte Frae schaffen der IGSS no och haut nach Deelzäit a cotiséieren deemno manner. Bei de Männer sinn et just aacht Prozent. An dobäi kënnt, datt och haut nach méi dacks d’Fraen d’Kannerbetreiung iwwerhuele wéi d’Männer. Beispill Babyjoren: Bei den neie Pensionäre vum leschte Joer war d’Verhältnis tëscht Fraen a Männer zwee Drëttel zu engem Drëttel.

Dat bedeit, datt wann een d’Baby-Joren a Fro stellt, esou wéi d’Patronen dat an hirem Avis fir de Wirtschafts- a Sozialrot maachen, ee besonnesch d’Fraen trëfft.

Och déi komplementar Periode wéi Studiejoren oder Educatiounsjoren - wann een eebe seng Kanner versuergt huet – spillen am Opbau vun der Karriär vun de Frae vill méi eng grouss Roll wéi bei de Männer. Dem Avis vum CES iwwert de Pensiounssystem no haten 2012 vun den deemolege Pensionäre esou wuel Männer ewéi Fraen, jeeweils 6,6 Joer komplementar Periode fir hir Karriär geltend gemaach. Mä fir d’Fraen huet dës e Véierel vun hirer ganzer Karriär ausgemaach, wärend et fir d’Männer just 16 Prozent waren. Wann also, sou wéi d’Patronen et fuerderen, dës Perioden net méi fir den Opbau vun enger Karriär géingen zielen, kann een dovun ausgoen, datt dëst och besonnesch d’Fraen trëfft.

D’Claudine Speltz, d’Presidentin vum nationale Fraerot, seet dowéinst och, esou Acquisen zréckzehuelen, wieren e Réckschrëtt, wann et ëm d’Gläichberechtegung geet. De Fraerot plädéiert fir eng komplett Individualiséierung, esouwuel bei de Steieren, wéi bei de Pensiounsrechter. Ma bis ewell gouf de Fraerot hires Wëssens no am Géigesaz zu aneren Organisatiounen nach net invitéiert, fir bei der Regierung hir Consultatioun iwwert de Pensiounssystem mat ze maachen.

Update

D’Sozialversécherungsministerin Martine Deprez relativéiert de groussen Gendergap awer an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Mars Di Bartolomeo a stellt d’Statistiken a Fro, déi d’EU benotzt. Den Donnéeë vun der Inspection générale de la Sécurité sociale no hätt den Ecart d’lescht Joer bei ronn 34 Prozent geleeën. Dat wann een déi Fraen mat berécksiichtegt, déi just eng Mammerent kréien. Wann een d’Frae mat enger Altersrent kuckt, louch den Genderpensiounsgap den Donnéeën vun der IGSS no bei 26 Prozent. *


*Dësen Artikel gouf aktualiséiert, fir deenen neie Informatiounen aus der Äntwert op déi parlamentaresch Fro vum Mars Di Bartolomeo Rechnung ze droen.

RTL-News: Pensiounsdebatt ouni déi Jonk? D’CGFP ass entsat iwwer falsch Duerstellungen
RTL-News: Pensiounsdebatt: Martine Deprez: D’Invitatioune fir d’Gespréicher sinn eraus
RTL-News: Pensiounsdebatt: Sollen d’Ministèren d’Käschte fir Studien- a Baby-Joren iwwerhuelen?

Back to Top
CIM LOGO