Martine Deprez: D’Invitatioune fir d’Gespréicher sinn eraus
© RTL Grafik
Fir déi breet Pensiounsdebatt ze begleeden, sinn d’Pensiounen dës Woch op den RTL-Plattforme reegelméisseg e Sujet.
Fir den Hierscht hat d’Regierung eng breet Debatt iwwert d’Pensiounen ugekënnegt, obwuel déi bei de Walen d’lescht Joer guer kee Sujet waren. Dat fir eventuell Reformen an engem méiglechst grousse Konsens duerchzeféieren.
D’Sozialversécherungsministerin Martine Deprez seet, d’Invitatioune fir Gespréicher wieren erausgeschéckt an Ufank Oktober soll et lassgoen. Da sollen net nëmmen d’Gewerkschaften an d’Patronen defiléieren, déi zwee ganz ënnerschiddlech Avise fir de Wirtschafts- a Sozialrot (CES) ofginn hunn, mee och aner Organisatiounen zu Wuert kommen, wéi de Patrons-Think-Tank Idea, den Nohaltegkeetsrot, mee och d’Studentenorganisatioun Acel an de nationale Schülercomité Cnel. Dat fir ze kucken, wéi eng Positiounen et tëscht den Extreeme vu Patronat a Gewerkschafte gëtt.
Biergerinnen a Bierger, déi net an de Gremie vun esou enger Organisatioun sinn, solle kënnen iwwert eng Plattform Iddien eraschécken. Uganks d’nächst Joer soll dann ee Resumé vun all deene Positiounen a Propositioune gemaach ginn, fir am Fréijoer weider ze diskutéieren an eventuell Piste fir Reformen opzezeechnen.
Eréischt da kéint een an enger zweeter Phas kucken, wéi ee géing feststellen, ob et ënner de Biergerinnen a Bierger e Konsens dozou gëtt, esou d’Martine Deprez.
Fir déi breet Pensiounsdebatt ze begleeden, sinn d’Pensiounen dës Woch op den RTL-Plattformen reegelméisseg Sujet. Op eiser Websäit rtl.lu bidde mir och en Dossier iwwert d’Pensiounen un, deen iwwert déi nächst Wochen a Méint ausgebaut gëtt. Hei fannt Dir och eng Zort Pensiounslexikon, an deem de Vokabulär erkläert gëtt, deen an der Pensiounsdebatt zum Asaz kënnt.
An deene leschte Woche goung och schonn op eisen Antenne vun de Pensioune rieds. Dat wéinst de widderspréchlechen Avise vun de Sozialpartner un de Wirtschafts- a Sozialrot.
Um Radio
Explikatiounen Avis CES : d’Positioun vun de Gewerkschaften
Explikatiounen Avis CES : d’Positioun vun de Patronen
Op der Tëlee
Am August war de Sylvain Hoffmann vun der Chambré des salariés Invité um Radio an huet d’Gewerkschaftspositiounen erkläert.
Den Direkter vun der Union des entreprises luxembourgeoises, Marc Wagener, hat schon am Juli d’Positioun vun de Patronen an der Emissioun Invité vum Dag diskutéiert.