
Dat wier d’Faite verdréint, d’Staatsbeamtegewerkschaft hätt just wëlle warnen, fir de Krees vun de Participanten un der Debatt iwwert d’Pensiounsreform ze grouss ze maachen. Alles anescht wier eng falsch Duerstellung, esou gouf et am CGFP-Nationalcomité festgehalen.
Well de Gehälteraccord Enn vum Joer ausleeft, goufen och éischt Debatten en vue vun engem Revendicatiounskatalog fir d’Leit an der Fonction Publique gefouert.
Wat de Sträitpunkt Bewäertungssystem ugeet, bleift d’CGFP bei hirer Fuerderung, datt dee System misst retroaktiv op den 1. Januar 2023 ofgeschaaft ginn an net eréischt am Oktober dëst Joer, wéi et am Gesetzesprojet steet. Hei wier een a Gespréicher mam zoustännege Minister Serge Wilmes, deen de Wierder vun der CGFP no antëscht aus “der Versenkung” opgetaucht wier, sou datt d’Protestmaniff vun Enn Abrëll an engem Stater Hotel Wierkung gehat hätt, déi sech erhofft gi war.
Och d’Defenseministesch bleift a punkto Bewäertungssystem bei der Arméi gefuerdert, e Pabeier vun APOL a SPAL läit um Dësch vun der Yuriko Backes, mee et gouf nach keng Reaktioun. Wa keng Beweegung an den Dossier kënnt, sinn eng Zivilklo oder gewerkschaftlech Schrëtt méiglech, sou d’CGFP an hirem Schreiwes en Dënschdeg.