
De Franz Fayot (LSAP), de Laurent Mosar (CSV) an de Fernand Kartheiser (adr) wollte wëssen, wéi Lëtzebuerg no de Reprochen un dëser Organisatioun mat der Ënnerstëtzung géing weiderfueren.
D’UNRWA ass en Hëllefswierk vun der UNO, dat fir déi humanitär Hëllef vu palästinensesche Refugiéen zoustänneg ass. Am Raum steet d’Kritik, dass eng Dosen UNRWA-Mataarbechter en direkte Lien mat der Hamas a mat den Attacke vum 7. Oktober op Israel sollen hunn. De Fernand Kartheiser huet en Artikel vum Wall Street Journal zitéiert, an deem souguer vun 10 Prozent vun de Mataarbechter Rieds ass, déi e Lien mat der Hamas sollen hunn. Antëscht hunn eng ganz Rei Länner, dorënner d’USA, Groussbritannien, Kanada, Australien, Italien, Däitschland oder och nach Finnland, d’Ënnerstëtzung vun der UNRWA op Äis geluecht.
Den Ament wëll déi Lëtzebuerger Regierung näischt un de finanziellen Hëllefen änneren, ma d’Depensë sollen awer och net gehéicht ginn, esou de Xavier Bettel. Am Ganzen huet Lëtzebuerg zejoert 9,6 Milliounen Euro un d’UNRWA contribuéiert, schreift den Ausseministère RTL op Nofro. Dovunner goufen 1,6 Millioune fir déi humanitär Hëllef am Kader vun der aktueller Kris an der Gazasträif agesat, heescht et weider. D’Ofkommes tëscht Lëtzebuerg an der UNRWA gesäit vir, dass fir d’Period tëscht 2022 an 2024 op d’mannst 5 Millioune pro Joer agesat ginn.
Domadder gi Projeten an der Gazasträif, am Westjordanland, am Libanon, a Syrien an a Jordanien ënnerstëtzt. De Lëtzebuerger Engagement couvréiert also all d’Interventiounsregioune vun der UNRWA, präziséiert de Pressebüro vum Aussen- a Kooperatiounsministère.
De Kooperatiounsministère huet betount, et kéim eng nach wesentlech méi schlëmm humanitär Kris op d’Palästinenser an op déi ganz Regioun duer, wa vun haut op muer de Finanzement vun der UNRWA géing gestoppt ginn. Well dës Organisatioun nämlech fir déi Haaptversuergung vun de Leit an de palästinensesche Gebidder zoustänneg ass.
Déi 30.000 Leit, déi aktuell fir d’UNRWA schaffen, sollten och net all an een Dëppe geheit ginn. Mee natierlech missten nom Ofschloss vun der Enquête déi Leit, déi tatsächlech e Lien mat der Hamas a mat den Attacke vum 7. Oktober op Israel hunn, zur Verantwortung gezu ginn.
Eng Alternativ, fir duerch eng aner Organisatioun d’Zivilpopulatioun ze ënnerstëtzen, gesäit de Xavier Bettel net. An der Chamber sot hien, dass d’UNRWA u sech als provisoresch Léisung all dräi Joer ëmmer nees confirméiert gëtt, well “keen anere capabel ass, déi Aarbecht, déi d’UNRWA huet, am Moment do och z’iwwerhuelen”.
Fir all d’Organisatioune gëllen déi nämmlecht Prozeduren a Standarden, huet den Ausseministère präziséiert. Et géing zesumme mat aneren Donateure geschafft ginn, schreift de Pressebüro, fir de Suivi an d’Kontroll vun de Prozeduren ze garantéieren, dat och am Fall vun der UNRWA.
“Esou ginn an Zesummenaarbecht mat der UNRWA Kontrollmechanismen en place gesat, fir eng effikass an transparent Utilisatioun vun de Fongen ze garantéieren a sécher ze stellen, dass d’UNRWA hiert Mandat géigeniwwer de palästinensesche Flüchtlingen erfëllt.”
Aktuell sinn iwwert eng Millioun Refugiéen eleng an der Gazasträif vun der UNRWA ofhängeg fir Zougang zu Liewensmëttel ze hunn.