
Déi entspriechend Gesetzprojete kruten elo alleguer beim zweete konstitutionelle Vott de Feu vert.
En Donneschdeg de Mëtteg stoung dat lescht vun de véier Kapitelen op der Lee vun den Deputéierten um Krautmaart. Do goung et ëm d’Chamber an ëm de Staatsrot. Nei am Parlament sinn zum Beispill d’Motion de confiance vis-à-vis vun der Regierung, Changementer beim Droit d’enquête fir d’Chamber an d’legislativ Initiativ fir Bierger.
D’Voleten “Organisatioun vum Staat” sou wéi “Rechter a Fräiheeten” kruten en Donneschdeg de Moien 52 Jo-Stëmmen, 3 Nee-Stëmmen an et gouf eng Abstentioun. Domat gouf déi néideg Zwee-Drëttel-Majoritéit erreecht.
Vu Regierungssäit krut d’Revisioun en Donneschdeg vill Luef. Et wier een endlech am 21. Joerhonnert ukomm. Déi nächst Chambere kéinten a punkto Moderniséierung natierlech méi wäit goen, soten de liberale Premier Xavier Bettel an déi gréng Justizministesch Sam Tanson.
“Mir kommen endlech zum Schlusspunkt. D’Verfassung aus der Postkutschenzäit gëtt adaptéiert. Dat wëll net heeschen, datt d’Aarbechten un enger Verfassung lo fäerdeg sinn. Ech sinn iwwerzeegt, datt eng nächst Chamber deen een oder anere Punkt moderniséiere wëll”, sou de Xavier Bettel.
An den nächste Wochen a Méint wäerten d‘Detailer fir d‘Ëmsetzung ausgeschafft ginn, sou den LSAP-Deputéierten a President vun der zoustänneger Chamberkommissioun Mars di Bartolomeo. “D’Revisiounen trieden den éischten Dag nom 6, Mount no der Publikatioun a Kraaft. D’Resultat no enger Schwéiergebuert léisst sech weisen. Déi laangwiereg Aarbecht huet sech gelount, well all déi wichteg Dispositiounen, déi an de leschten 20 Joer fonnt goufen, an d‘Texter integréiert ginn. Ier d‘Verfassung a Kraaft trëtt, bleift nach vill Aarbecht mat den Ausféierungs-Bestëmmungen. Eng ganz Rei Texter sinn awer schonn deponéiert.”
Kritik koum wéi erwaart virun allem vun der ADR. Vill Rechter zum Beispill wieren net néier geschriwwe ginn. De Fernand Kartheiser hätt virun allem a punkto Famill a Kanner gären aner Definitioune gehat:
“Mir innovéieren, heescht et. ‘Progressiv’ ass e Réckschrëtt an der mënschlecher Dignitéit. ‘Toute personne a le droit de fonder une famille.’ Wat ass dann elo d’Famill? Eis Iwwerzeegung ass et, datt dat do d’Dier grouss opmécht, fir en zivilisatoresche Réckschrëtt, deen de Leit d’Recht op e Kand gëtt”, huet de Fernand Kartheiser erkläert.
Iwwerdeems huet d’Chamber en Donneschdeg de Moien dann och unanime e Gesetzesprojet gestëmmt, mat deem de System vun der staatlecher Kontroll vun der Gemenge-Gestioun moderniséiert gëtt a schonn e Mëttwoch hat d’Parlament mam zweete Vott d’Kapitel Justiz validéiert.
Déi kontrovers inhaltlech Diskussioune bloufen en Donneschdeg de Mëtteg aus. Op ville Plaze gouf zeréckgekuckt, Merci gesot an et gouf déif Loft geholl, well een endlech op der Arrivée ass.
An den nächste Wochen a Méint wäerten d’Detailer fir d’Ëmsetzung ausgeschafft ginn.