
Den immateriellen UNESCO-Weltkulturierwen ëmfaasst Traditiounen a Wëssen, déi vu Generatioun u Generatioun weidergereecht gi sinn. A Finnland gehéiert zum Beispill d’Saunakultur derbäi, an Argentinien ass et den Tango. Frankräich ass fir seng Kiche bekannt, wärend de Reggae fir Jamaika op der Lëscht steet.
Lëtzebuerg kandidéiert elo mat der Wanderschéiferei, an där Schof der Saison no vun enger Weed op déi nächst gedriwwe ginn, a mam traditionelle Bewässerungssystem mam Numm “Fléitzen”, an deem d’Waasser duerch kleng, ausgegruewe Kullangen duerch Wise geleet gëtt, fir dës ze bewässeren. Och d’Hiewanskonscht ass als immateriellt Kulturierwen agereecht ginn.
Iwwert “Fléitzen” gitt di an eiser neier Serie iwwert de Lëtzebuerger Patrimoine méi gewuer.
Un der Kandidatur vun der Wanderschéiferei bedeelegen sech ënnert anerem och Éisträich, Spuenien, Albanien an Italien, bei der Hiewanskonscht sinn et ënnert anerem Kolumbien, Däitschland, Nigeria a Slowenien.
Déi dräi Elementer wieren Deel vum Domaine “Connaissances et pratiques concernant la nature et l’univers”, wéi de Kulturministère preziséiert.