Lëtzebuerger Patrimoine, dat sinn Traditiounen a Kultur. Patrimoine ass awer och d'Wëssen, dat vu Generatioun zu Generatioun weidergereecht gëtt.

Dozou gehéiert och d'Fléitzen, dat een eleng schonn um Geräisch erkennt.

Serie Patrimoine (1)/Reportage Danielle Goergen

Et ass eng Zort Wisebewässerung, esou wéi d'Leit et virun 100 Joer gemaach hunn. Am Naturpark Uewersauer gëtt dës Traditioun awer weider gefouert.

Dës traditionell Wisebewässerung gouf am ganze Land praktizéiert. Mat klenge Grief - Fléitzgrief genannt - gouf d'Waasser duerch d'Wiss geleet. D'Waasser ass dann eriwwergeschwappt an huet sech iwwer d'Wiss verdeelt, erkläert eis de Frank Richarz vum Naturpark Uewersauer.

Iwwerall am Land gouf gefléitzt. D'Traditioun ass esou al wéi d'Landwirtschaft selwer. Geschafft gëtt mat engem spezielle Wisebeel.

Et ass eng banal Léisung, ma se funktionéiert an huet dobäi nach eng ganz Rei Virdeeler. Engersäits d'Bewässerung. Duerch de Bulli, dee matkoum, gouf d'Wiss och natierlech gedüngt. Dat war immens wichteg, vue datt d'Baueren deemools keen Konschtdünger haten.

D'Buedemtemperatur huet hei awer och eng wichteg Roll gespillt, erkläert de Frank Richarz weider. D'Quellewaasser war dacks méi waarm. Wann et dann iwwer d'Wiss gelaf ass, ass de Buedem mat entdeet. Esou ass d'Gras 6 bis 8 Wochen éischter gewuess. De Marcel Probst ass Lokal-Historiker a beschäftegt sech zanter 15 Joer mat der Traditioun

Zu Béiwen hätt een nach eng al Fléitzschleis gerett a se matzen am Duerf nees opgeriicht. Et wier immens wichteg, fir dës Traditioun weiderzeféieren, mengt nach de Marcel Probst. Hie wier dofir immens frou, datt den Naturpark Uewersauer sech weider fir d'Fléitzen interesséiert an déi traditionell Aarbecht weidermécht. Besonnesch den Knowhow bleift bis haut wichteg ze erhalen, mengt och de Patrick Dondelinger. Hien ass Zoustännege fir d'Kulturierwen hei am Land. D'Wëssen, dat vu Generatioun zu Generatioun weidergereecht gouf, wier nach ëmmer relevant a misst och an Zukunft méi valoriséiert ginn.

D'Fléitzen hätt eis Landschaft mat gepräägt, esou de Patrick Dondelinger. An de Joren hätte vill Leit sech investéiert. Sief dat an enger Fléitzgenossenschaft oder esouguer de Staat, deen duerch d'Akerbauverwaltung selwer bis nom Krich gefléitzt hätt. Genee dofir wier et flott, datt d'UNESCO am Gaang ass, d'Fléitzen unzëerkennen.

Episode vun der Serie Patrimoine am Iwwerbléck

Deel 1: Fléitzen ass wéi Nätzen ouni Schlauch

Deel 2: Mir si Buch, méi streng an INPA!

Deel 3: Villa Pauly - Träppleker, déi vum Krich erzielen

Deel 4: Privat-Kollektioun aus Passioun

Deel 5: Viichten: Scientia potentia est
Deel 6: Hôtel des Postes: D'Kathedral vun der Kommunikatioun

Deel 7: Kënnbakstee Boukels - zaart an delikat ënnert den Hummer