Loftverschmotzung an Europa weider héichLëtzebuerg schneit besser of- Impakt op d'Gesondheet bleift

RTL Lëtzebuerg
Ongeféier 200 Leit d‘Joer stierwen am Grand-Duché u Krankheeten, déi aus schlechter Loft resultéieren.
Loftverschmotzung an Europa weider héich - Lëtzebuerg schneit besser of
Ongeféier 200 Leit d‘Joer stierwen am Grand-Duché u Krankheeten déi aus schlechter Loft resultéieren.

An Europa gëllt d’Loftverschmotzung weider als gréisst ëmweltbedéngte Menace fir déi allgemeng Gesondheet. Ongeféier 200 Leit d’Joer stierwen am Grand-Duché u Krankheeten, déi aus schlechter Loft resultéieren. An de lëschte Joerzéngten huet d’Loftqualitéit sech verbessert. Lëtzebuerg kënnt am internationale Verglach relativ gutt ewech, esou d’Emma Schymanski, Ëmweltchemikerin vun der Uni Lëtzebuerg.

„Am Verglach mam Rescht vun Europa steet Lëtzebuerg relativ gutt do. Virun allem par rapport zum Weste vun Europa. D’Wäerter bei eis si méi niddereg ewéi bei all eisen Nopeschlänner. Der Joresnorm vun der Weltgesondheetsorganisatioun no awer leie mer aktuell nach liicht iwwert de Grenzwäerter.”

Loftverschmotzung an Europa weider héich - Lëtzebuerg schneit besser of
Ongeféier 200 Leit d‘Joer stierwen am Grand-Duché u Krankheeten déi aus schlechter Loft resultéieren.

An Europa produzéiert haaptsächlech de Mënsch d’Stëbspartikelen

Grenzwäerter (vun der WHO) vu 5 Mikrogramm pro Kubikmeter Loft. Vun do un hunn d’Partikelen ënner 2,5 Mikrometer, also renge Stëbs, en direkten Afloss op d’Gesondheet. Zu Lëtzebuerger läit een, ofhängeg vun der Regioun, tëscht 7 an 12. „Et gëtt natierlech Quellen: Bëschbränn oder Sahara-Stëbs, zum Beispill. An Europa gëtt dee meeschte renge Stëbs awer vum Mënsch produzéiert. Generell ass et duerch d’Verbrennung vu Fossille-Brennstoffer”, esou d’Ëmweltchemikerin.

Manner d’Industrie, ma virun allem traditionell Heizungen an de konzentréierten Trafic a Verbrennermotore produzéieren zu Lëtzebuerg d’Stëbspartikelen, erkläert den Dr Jürgen Junk, Ëmweltfuerscher beim LIST, dem Luxembourg Institute of Science and Technology: „Dat sinn déi primär Emissiounen. Mee da komme beim Verkéier nach aner Quellen dobäi. Zum Beispill d’Ofnotze vu Pneuen a Bremsscheiwen. Mee och d’Material, dat vun der Fuerbunn duerch d’Reiwung lassgeléist gëtt, geet an d’Loft.“

Zu Lëtzebuerg gëtt d’Loftqualitéit reegelméisseg gemooss

Op e puer Plazen zu Lëtzebuerg gëtt fix oder mobil d’Loftqualitéit gemooss. Esou och zu Réimech. Eng Camionnette, en optesche Partikel-Zieler, suckelt Loft eran, an engem Mooss-Container ginn da mat engem Laser d’Partikele gezielt an no Gréisst kategoriséiert.

Ofhängeg vun der Gréisst kënnen d’Partikel ënnerschiddlech déif an d’Longen erakommen. Gréisser Partikel, ëm 10 Mikrometer gi schonn an der Nues erausgefiltert a komme beim Néitschen oder Nues botze fort. Déi méi kleng Partikel komme méi déif an d‘Long souguer bis an d‘Longe-Bléisescher an an d‘Blutt”, esou den Dr Jürgen Junk.

Mat Konsequenze fir Mënsch an Déier

Konsequenz: De Risk fir Hiereschlag, Häerzkrankheeten, Longekriibs an Otemwee-Infektioune beim Mënsch klëmmt. Ma och an de Lëtzebuerger Gewässer fënnt een d’Tracë vum renge Stëbs. Dës kënnen en Impakt op d’Natur an d’Biodiversitéit hunn, ewéi e rezente Fall beweist. D’Emma Schymanski: „2020 koum eng Etüd eraus, déi bewisen huet, datt Pneue-Partikel a Substanzen dran e Saumon-Stierwen am pazifesche Nordweste vun den USA ausgeléist hunn.“

Ma et sinn net just Stëbspartikelen, déi d’Loftqualitéit ausmaachen - Ofgasen oder Ozon spillen och eng grouss Roll. Generell awer huet sech d’Loftqualitéit iwwert déi lescht 10 Joer verbessert.

Back to Top
CIM LOGO