
Am “Contraception Policy Atlas Europe 2024" beleet Lëtzebuerg déi éischt Plaz ënner 46 Länner, wann et ëm den Zougang zu Verhütungsmëttel geet. 2023 louch de Grand-Duché nach mat 85,2 Prozent op der véierter Plaz, hanner Groussbritannien, Frankräich an der Belsch.
De Grand-Duché erreecht am Atlas e Score vu 94,2 Prozent, dohannert komme Groussbritannien mat 94,1 Prozent a Frankräich mat 93,2 Prozent. Um Wupp leie Polen (33,5%), Ungarn (40%) an Armenien (40,7%). An de Prozentsätz gëtt gekuckt, wéi d’Informatiounen iwwer an den Accès zu moderner an effektiver Verhütung am Land ass a wéi vill vum Kafpräis vun dëse Produite rembourséiert gëtt.
Zu Lëtzebuerg gi jo d’Pëll an divers aner Mëttel zu 100 Prozent vun der Krankekeess iwwerholl, de Kondom ausgeschloss, an dat och ouni Limitt vum Alter vun der Persoun.

An engem Schreiwes huet de Planning Familial sech erfreet iwwert dëse Score gewisen. D’Organisatioun setzt sech zanter 60 Joer ënner anerem fir eng selwer bestëmmt Sexualitéit an eng modern Sexualerzéiung an. E grousst Zil vun hirer Aarbecht hu si mam Zougang zu de Verhütungsmëttel erreecht.