
Lëtzebuerg zitt virun allem héich diploméiert Leit aus dem Ausland un, fir hei ze schaffen. 8 vun 10 Leit, déi wéinst engem Job op Lëtzebuerg kommen, hunn en Universitéitsdiplom. Een Drëttel dovu schafft am Finanzsecteur. Dat geet aus der Enquête "Luxtalent" vum LISER, am Optrag vum Wirtschaftsministère, ervir.
Déi grouss Majoritéit vun de sougenannten Talenter, déi Lëtzebuerg unzitt, schwätzt Englesch. Ronn d'Hallschent schwätzt Franséisch.
Haaptgrond fir op Lëtzebuerg ze kommen, ass meeschtens, datt et hei eng Job-Offer gouf, ma och d‘Liewensqualitéit oder perséinlech Kontakter gehéieren zu de Motivatiounen, an de Grand-Duché ze plënneren. Zwee Drëttel vun de Leit nennen dann de Logement als Grond, dee si kéint dozou beweegen, erëm fortzegoen. Hannendru kommen de Fait, datt si ze wäit vun hirer Famill fort sinn, oder datt et besser Opportunitéiten am Ausland ginn.
Ma ganz dacks bleiwen d'Leit awer méi laang, wéi uganks geduecht.